De Schwäizer Gianni Infantino ass fir d'drëtte Kéier zum FIFA-President gewielt ginn.

Déi international Futtball-Federatioun huet hire Kongress zu Kigali am Ruanda, wou den 52 Joer ale Infantino ënnert Applaus fir 4 weider Joer a sengem Amt bestätegt gouf.

Et gouf keng Géigekandidatur an duerch de System mat deem ofgestëmmt gëtt, ass et och net méiglech ze wëssen, wéi vill Leit dem Infantino seng Presidence net ënnerstëtzen.