Wéi ënner anerem d'Bild mellt, hätt Bayern hiren Trainer virun d'Dier gesat. De Club selwer huet d'Nouvelle nach net confirméiert.

E Freidegmoie bei senger Arrivée um Site vum Veräin huet de President Herbert Hainer sech net zum däregen Thema geäussert, wéi déi däitsch Presseagence DPA mellt. Och den Direkter Oliver Kahn an de sportlechen Direkter Hasan Salihamidzic hunn d'News net kommentéiert.

Déi däitsch Medie schéngen awer keen Zweiwel un der Entloossung vum Nagelsmann méi ze hunn.

Mam Thomas Tuchel soll wuel och schonn de Successeur feststoen. Hie souz virdru bei Chelsea, PSG an Dortmund op der Bänk. Vum Kicker heescht et, datt hei just nach d'Ënnerschrëft géif feelen.

Sky mellt iwwerdeems, dass och d'Co-Traineren Dino Toppmöller a Xaver Zembrod wäerte fräigestallt ginn. Den Thomas Tuchel géif den Zsolt Löw an den Arno Michels als Co-Trainere matbréngen, heescht et weider. Den Duo war schonn zu Mainz, Dortmund a beim PSG um Tuchel senger Säit.

An de soziale Medien kurséiert d'Info, dass den Thomas Tuchel um Freideg de Mëtteg e Kontrakt bis Juni 2025 soll ënnerschreiwen, an hien dann e Méindeg den éischten Training géif leeden.

Offiziell gëtt et wéi gesot nach keng Bestätegung.