Déi 99 stëmmberechtegt Membere beschäftege sech ënnert anerem mat der Fro, wéi et mat Athleten aus Russland an aus Belarus weidergeet.

Si solle méiglecherweis nees bei internationale Kompetitiounen däerfen untrieden, awer ënner neutralem Fändel.

Widderstand kënnt awer aus der Ukrain, aus Polen an aus den 3 baltesche Staaten, déi dat an enger gemeinsamer Positioun refuséieren.

Et géif just ee Wee gi fir russesch a belarussesch Athleten, nees an déi international Sportgemeinschaft zeréckkommen ze loossen: nämlech wann déi zwee Länner mat hirem Offensivkrich an der Ukrain ophalen an d’Souveränitéit an déi territorial Integritéit vun der Ukrain offiziell unerkennen.

D'Lëtzebuerger Stëmm am IOC huet iwwregens de Grand-Duc Henri.