Viru kuerzem hat den Directeur Technique vum COSL d'Iddi vun engem eegenen Haus fir Lëtzebuerger Sportler an awer och Trainingspartner aus dem Ausland.

Am beschte sollt dëst Haus bei der Coque kaf ginn an eben de Sportler zur Dispositioun gestallt ginn, esou d'Iwwerleeung. D'Lëtzebuerger Athleten géifen nämlech ze vill Zäit am Stau verbréngen.

De finanziellen Opwand vun esou engem Haus wier awer zimmlech bedeitend, esou datt dëse Projet den Ament keng Prioritéit hätt. Dat äntwert de Sport-Minister Georges Engel op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

Dobäi kéim, dass dës Propos duerchaus Sënn a Länner wéi Däitschland oder Frankräich géif maachen, wou deels grouss Strecke missten zeréckgeluecht ginn. Zu Lëtzebuerg wieren dës Distanzen an engem iwwersiichtleche Kader, d'Land wier wesentlech méi kleng an "d’Ureesen an d’Coque um Kierchbierg, souwuel iwwert de Stroossen-, wéi och den ÖPNV-Réseau, aus alle Gemengen aus dem Land ass gutt machbar".

Weider seet de George Engel a senger Äntwert, dass et an der Stad och vill Iwwernuechtungsméiglechkeete géife ginn.