Liichtathletik
Zanter 25 Joer fiert den Dikrecher Celtic Ouschteren op d’Costa Brava
Et ass ee speziellen Trainingsgrupp mam Bob Bertemes am Mëttelpunkt. Zanter annerhallwem Joer schreift de Mëttelstreckeleefer Trainingsprogrammer selwer.
No zwee schwierege Joren huet d’Vera Hoffmann mat der Finall iwwert 1.500 Meter bei der Indoor-Europameeschterschaft zu Istanbul iwwerrascht. Dat ass och de Verdéngscht vun engem Lafgrupp vum Celtic, mat deem déi jonk Liichtathletin zanter dësem Hierscht trainéiert - a wou de Bob Bertemes Trainer ass.
De Chrëscht Beneké huet den neie Grupp vum Trainer an Athlet Bob Bertemes an der Virbereedung besicht.
Am meeschte gelies