Team Lëtzebuerg mat ronn 20 Sportler op de European Games vertrueden

D'European Games 2019 / © RTL Archiv
No Baku 2015 a Minsk viru 4 Joer sinn dëst Joer zu Krakau déi 3. European Games. Mir hu mam Raymond Conzemius iwwer d'Lëtzebuerger Ekipp geschwat.
Dës Woch war den Directeur Technique vum COSL a Polen, fir sech een Iwwerbléck iwwer d'Virbereedungen ze verschafen. Den Ament wieren d'Preparatiounen nach amgaangen an et géif een op vill Froen nach op Äntwerte waarden. Wat déi Lëtzebuerger Delegatioun ugeet, do kann een awer dem Raymond Conzemius no elo schonns méi kloer plangen:
"D'Selektioune sinn nach net ganz fäerdeg, d'Quoteplaze kommen nach all Dag eran. Mir rechnen awer, datt mir mat 20 Sportler zu Krakau vertruede sinn. 20 Sportler verdeele sech op 8 bis 9 Sportaarten. De Gros vun hinne wäert zu Krakau ënnerbruecht sinn. Dann ass awer de Michel Erpelding am Boxen, deen op engem eegene Site ass, d'Jenny Warling am Karate ass och op engem eegene Site. Déi zwee Sportler wäerten dann de Multisport-Feeling net esou grad materliewen, wéi déi, déi zu Krakau ënnerbruecht sinn."
D'European Games si vum 21. Juni op den 2. Juli zu Krakau a Polen.