All d'Informatioune ronderëm d'Spiller vun de klenge Länner op Malta

Vum 29. Mee bis den 3. Juni ass op Malta déi 19. Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner.
1985 war a San Marino déi éischt Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner. Hei sinn ëmmer déi 9 europäesch Länner (San Marino, Monaco, Liechtenstein, Andorra, Island, Malta, Montenegro, Lëtzebuerg an Zypern) dobäi, déi manner wéi eng Millioun Awunner hunn. Dës Spiller ginn all zwee Joer organiséiert, allkéiers an engem aner Land. 1995 an 2013 waren d'Spiller vun de klenge Länner zu Lëtzebuerg.
Dëst Joer sinn d'Spiller vun de kleng Länner op Malta, dat vum 29. Mee bis den 3. Juni. Dobäi trieden déi verschidden Natiounen an 10 Sportaarte géinteneen un: Liichtathletik, Basket (5x5 an 3x3), Judo, Rugby, Seegelen, Sportschéissen, Squash, Schwammen, Dëschtennis an Tennis.
PDF: Hei fannt Dir de komplette Programm vun de Spiller vun de klenge Länner.
Fir Lëtzebuerg wäerten 130 Athleten an de verschiddenen Disziplinnen dobäi sinn. Hei fannt Dir déi komplett Lëscht, déi den 8. Mee vum COSL publizéiert gouf.
Den Alwin de Prins ass de Chef de mission vun der Lëtzebuerger Delegatioun. De fréiere Schwëmmer huet dann och eng ganz speziell Relatioun mat Malta.
De Chef de mission huet bei der Presentatioun vum Team Lëtzebuerg dann och ënnerstrach, datt een dës Editioun net nëmmen op d'Medaile kucke soll. Déi meescht vun de Lëtzebuerger Top-Athleten hu sou wéi sou aner Prioritéiten. Déi musse sech virbereeden op d'Olympesch Spiller zu Paräis oder och d'Europaspiller zu Krakau. Fir déi jonk Athlete wier et e wichtegen a flotte Rendez-vous. Nawell ass den Alwin de Prins optimistesch, datt vill Medaile fir Lëtzebuerg wäerten eraussprangen.
Op Malta kënnen och d'Wiederkonditiounen de Sportler d'Liewe schwéier maachen, wéi de Chef de mission erkläert.
Liichtathletik

De Bob Bertemes hofft op Gold am Bommstoussen, hien ass awer och beim Diskus mat dobäi. / © AFP
An der Liichtathletik ginn 22 Lëtzebuerger Athleten an Athletinnen un de Start. Ënnert anerem ass de Bob Bertemes am Bommstoussen dobäi, d'Patrizia van der Weken geet op Medaile-Juegd iwwer 100 an 200 Meter an de Charel Grethen hofft op eng Medail iwwer 1.500 Meter. Am Ganze ginn hei 32 Goldmedailen an de verschiddenen Disziplinne verdeelt.
Basket (5x5 an 3x3)
Am Basket ass esouwuel d'Lëtzebuerger Hären- wéi och Dammennationalekipp dobäi. De Kader am 5 géint 5 besteet dobäi zweemol aus jeeweils 12 Spiller, respektiv Spillerinnen. Am 3 géint 3 sinn et 4 Hären a 4 Dammen, déi Lëtzebuerg representéieren.

Judo
Am Judo sinn och 8 Athleten an Athletinnen dobäi a verschiddene Gewiichtsklassen. Ënnert de 5 Häre sinn de Bilgee Bayanaa (bis 81 Kilo), den Joffrey Brisoux (bis 81 Kilo), den Nick Kunnert (méi wéi 100 Kilo), de Claudio Nunes dos Santos (bis 73 Kilo) an den Tom Schmit (bis 66 Kilo). Bei den Damme sinn et d'Monique Kedinger (bis 70 Kilo), d'Anetta Mosr (bis 63 Kilo) an d'Lena Schmit (bis 52 Kilo).
Rugby
D'Lëtzebuerger Hären- an Dammennationalekipp am Rugby si mat am Ganze 24 Sportler a Sportlerinne vertrueden.
Seegelen
De Charles Baillie Strong, den Tim Felber an den Axel Holderbeke vertriede Lëtzebuerg am Seegelen.
Sportschéissen
Am Sportschéisse si 6 Lëtzebuerger dobäi. Bei den Hären trëtt de Luca Klein mat der Carabine à air comprimé un, de Lyndon Sosa an den Yves Thiltgen allebéid am Trap an Double Trap. Bei den Dammen ass d'Lena Bidoli am Trap dobäi, iwwerdeems och nach d'Violeta Palanska (Carabine à air comprimé) an d'Sylvie Schmit (Pistolet à air comprimé) nach fir Lëtzebuerg untrieden.

Squash
Am Squash si mam Miguel Duarte Tojal, Kyllian Hebbelinck, Daniel Hutchines, Guillaume Plancke, Mark Radley, Amir Samimi an Dolunay Soykan Dincer 7 Hären dobäi. Déi 4 Damme sinn d'Stephanie Demuth, d'Sandra Denis, d'Françoise Donven an d'Michèle Meyer. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Damme gëtt hei an der Ekipp gespillt, am Dubbel an Eenzel ginn och nach Medaile verdeelt.
Schwammen

De Julien Henx beim Euro Meet. / © pressphoto (Archiv)
D'Lëtzebuerger Schwammdelegatioun schéckt iwwerdeems 7 Schwëmmer a 5 Schwëmmerinnen an d'Course. Bei den Häre sinn dat de Pit Brandenburger, de Joao Carneiro, de Ralph Daleiden-Ciuferri, de Rémi Fabiani, de Florian Frippiat, de Julien Henx an de Max Mannes. Déi 5 Lëtzebuerger Damme sinn d'Jacqueline Banky, d'Lou Jominet, d'Leeloo Reinesch, d'Nicole Ricci an d'Sarah Rolko. Am Schwamme ginn am Ganze 40 Goldmedaile verdeelt.
Dëschtennis

D'Tessy Gonderinger ass d'Lëtzebuerger Nummer 1. / © Manfred Schillings
Och am Dëschtennis sinn zwou Ekippen dobäi. D'Hären triede mat der beschtméiglecher Ekipp un. Deemno sinn den Eric Glod, de Luka Mladenovic, den Eric Thillen an de Xia Cheng dobäi. Bei den Damme si mam Sarah De Nutte an Ni Xia Lian déi zwou bescht Spillerinnen net dobäi. Deemno kämpfen d'Ariel Barbosa, d'Tessy Gonderinger, d'Ni Xiao Jing an d'Julie Poncin ëm d'Medailen. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Damme gëtt hei an der Ekipp gespillt, am Dubbel an Eenzel ginn och nach Medaile verdeelt.
Tennis

D'Marie Weckerle hei beim FLT Masters. / © Val Wagner (Archiv)
De Raphael Calzi, den Alex Knaff, d'Eleonora Molinaro an d'Marie Weckerle vertrieden d'Team Lëtzebuerg am Tennis. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Damme gëtt hei an der Ekipp gespillt, am Dubbel an Eenzel ginn och nach Medaile verdeelt.
Den éiwege Medailespigel*
