Lëtzebuerger Nationalekipp hat op der WM a Südafrika keng Chance

© pressphoto.rtl.lu (Archiv)
D'Géigner ware fir déi nach jonk Lëtzebuerger Formatioun einfach nach eng Nummer ze grouss.
Déi Lëtzebuerger Äishockeynationalekipp koum mat enger leschter Plaz an engem Verhältnis vun 3 op 28 Goler vun der Weltmeeschterschaft an der Divisioun 3 aus Südafrika nees heem.
Nieft dem Organisateur Südafrika kruten déi Rout Léiwen aus dem Äishockey et d'lescht Woch mat de Gruppegewënner Taiwan, Thailand an Turkmenistan ze dinn. Am Fong war een mat e bëssen aneren Ambitiounen a Südafrika gereest, seet de President vun der Lëtzebuerger Äishockeyfederatioun Alain Schneider. Et hat een awer eng ganz jonk Ekipp mat op d'WM.
Am éischte Match gouf et direkt eng 2-10 géint Thailand op den Deckel, géint Turkmenistan huet een sech 1-4 misse geschloe ginn, dunn gouf een äiskal erwëscht beim 0-10 géint Taiwan, éiert d'Lëtzebuerger sech am leschte Match 0-4 géint Südafrika hu misse geschloe ginn.
Lo gëllt et natierlech bei der Lëtzebuerger Äishockeyfederatioun déi richteg Conclusiounen ze zéien. Dat weess och de President Alain Schneider. Virun allem muss d'Mentalitéit stëmmen, datt een onbedéngt fir d'Nationalekipp wëll spillen. Bei deene jonke Spiller wär dat absolut kee Problem, déi wäre voll motivéiert.
De Nationaltrainer Christer Eriksson, deen elo déi éischte Kéier bei engem groussen Tournoi bei de Lëtzebuerger op der Bänk souz, huet op jiddefalls nach genuch Aarbecht viru sech. De Schwed, deen och schonn Nationaltrainer a Frankräich war, a mat de Scorpions de Mulhouse Champion gouf, bréngt awer sécherlech den néidegen Know-How mat, fir d'Lëtzebuerger Äishockeyformatioun op déi richteg Kuffen ze bréngen.
Op der Weltmeeschterschaft Divisioun 3 zu Kapstadt a Südafrika koum Lëtzebuerg um Enn op déi fënneften an domat leschte Plaz mat 0 Punkten. Taiwan steigt an déi zweet Divisioun op.