Déi 16. Editioun vum ING Nuetsmarathon gouf presentéiert
En Donneschdegmëtteg gouf op der Stater Gemeng déi 16. Editioun vum Nuetsmarathon den 20. Mee an der Stad virgestallt. Déi lescht Preparatioune lafen.
A ronn zwou Woche steet déi 16. Editioun vum Stater Nuetsmarathon nees virun der Dier. No deene villen Adaptatiounen d'lescht Joer, ass de Parcours fir dëst Joer quasi d'nämmlecht bliwwen. D'Trennung vum Marathon a vum Semi-Marahton ass dëst Joer och nees wéi gewinnt um Knuedler. Eng kleng Ännerung gouf et wéinst engem Chantier an der Péitruss.
13.000 Leefer ginn dëst Joer un den Depart, dovu komme 50% aus Lëtzebuerg. Dëst Joer ginn et zwou nei Initiativen: engersäits den "Unity Run 42", wou 42 Schüler aus 3 Stater Lycéeë jeeweils ee Kilometer lafen, fir de komplette Marathon ofzedecken. Mä och de "From office to 42" an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère, wou d'Leit no der Pandemie hire Wee zum Sport nees sollen zeréckfannen. Genee sou wéi och d'lescht Joer hunn d'Organisateuren och dës Editioun dovun ofgesinn, fir international Top-Athleten ze bezuelen, fir op Lëtzebuerg ze kommen. De Fokus läit virun allem op Sportler aus der Groussregioun.
Nieft der Streck ass och dës Editioun nees vill Animatioun garantéiert. U 56 Hotspotte suerge verschidde Museker fir gutt Stëmmung. Donieft gouf de Light Village wéinst dem Chantier an der Péitruss erop op d'Dräi-Eechele-Plaz verréckelt.