Am italieenesche Fussball zitt sech de Finanz-Skandal ronderëm Juventus Turin weider zou.

Dat Iewescht Geriicht vum italieenesche Fussballverband huet e Méindeg den Owend wësse gedoen, dass Juventus 10 Punkten ofgezu kritt.

Grond wiere falsch Spiller-Maartwäerter wärend op d'mannst dräi Joer fir de Veräinsbilan ze verschéineren an donieft de Reproche vu Schwaarzgeld wärend der Covid-Pandemie.

Den italieenesche Rekord-Meeschter fält domat elo an der Tabell vun der 2. op déi 7. Plaz zeréck, wouduerch d'Participatioun un der Champions League am Hierscht a Gefor ass. Juventus kann awer nees géint d'Urteel an Appell goen.