Bei den Hären huet sech de Novak Djokovic souverän fir de nächsten Tour qualifizéiert.

D'Anastasia Pavlyuchenkova huet sech an 3 Sätz (3:6, 7:6, 6:3) géint d'Elise Mertens aus der Belsch duerchgesat. D'Elina Svitolina huet an zwee Sätz (6:4, 7:6) géint Nummer 9 op der Welt Daria Kasatkina d'Iwwerhand behalen.

D'Karolina Muchova huet hire Match an 2 Sätz (6:4, 6:3) géint d'Elina Avanesyan gewonnen.

Bei den Hären hu sech d'Favoritten duerchgesat. De Serb Novak Djokovic war dem Juan Pablo Varillas an 3 Sätz iwwerleeën. Mat dem selwechte Resultat huet sech och d'Nummer 1 Carlos Alcaraz géint de Lorenzo Musetti behaapt.

De Russ Kachanov huet sech a véier Sätz géint den Italieener Lorenzo Sonego duerchgesat.