Triathlon zu Madrid
Jeanne Lehair gëtt Europameeschterin

© Luxembourg Triathlon / Facebook
D'Lëtzebuergerin huet sech an enger Zäit vun 1 Stonn, 59 Minutten an 52 Sekonnen op der kuerzer Distanz duerchgesat.
Op déi 2. Plaz koum d'Lisa Tertsch aus Däitschland mat engem Retard vu 7 Sekonnen. De Podium gouf vun der Schwäizerin Cathia Schär komplettéiert. Hatt ass 18 Sekonnen hannert dem Lehair iwwer d'Arrivée gelaf.
Wéinst der schlechter Waasserqualitéit gouf d'Course als Duathlon ofgehalen. D'Schwamme gouf duerch eng 5-Kilometer-Course ersat. No 40 Kilometer um Vëlo sinn zum Schluss nees 10 Kilometer gelaf ginn.
Am meeschte gelies