Futtball
De Zlatan Ibrahimovic huet säi Récktrëtt mat 41 Joer bekannt ginn

Fir hien ass Schluss mam Profi-Futtball, sot de Stiermer e Sonndeg den Owend zu Mailand.
Den Ibrahimovic huet am Ganzen a senger Karriär 12 Meeschtertitele gewonnen a fir Schweden huet en 62 Goler an 122 Matcher geschoss.
Hien huet gespillt fir: Malmö FF, Ajax Amsterdam, Juventus Turin, Inter Milan, FC Barcelona, AC Milan, Paris Saint-Germain, Manchester United an L.A. Galaxy.
E Samschdeg war scho matgedeelt ginn, dass säi Kontrakt bei Mailand net verlängert gëtt. Et gouf nach spekuléiert, ob en eventuell awer nach bei engem anere Veräin wäert spillen, ma den AC Milan sollt seng lescht Statioun am Profifussball ginn.
Am meeschte gelies