De fréiere Bayern-Trainer Julian Nagelsmann kéint neie Coach beim PSG ginn

Et wär ee kuerz virun engem Accord. Den Nagelsmann soll Nofollger vum Christophe Galtier ginn.
Den Nagelsmann war Enn Mäerz beim FC Bayern München entlooss ginn, wou een nach an der Course war fir 3 Titelen ze gewannen. Hie gouf ersat vum Thomas Tuchel, deen um Enn just de Championstitel an der Bundesliga feiere konnt an dat och just ganz knapps.
An der Aachtelsfinall vun der Champions League hat Bayern München ënnert dem Julian Nagelsmann géint de PSG verluer. Elo kéint hien Trainer bei deem Veräi ginn. D'Gespréicher sollen dës Woch virugoen.
Assistenztrainer bei Paris Saint-Germain soll de franséischen Ex-Weltmeeschter Thierry Henry ginn.
Weider heescht et dann och an ëmmer méi franséische Medien, datt de Christophe Galtier zu Paräis säi Poste kéint verléieren. Offiziell ass dëst awer nach net.