Beim zweete Grand Slam vum Joer stinn d'Halleffinalle fest.

Bei den Häre kënnt et an der Ronn vun de leschte Véier zu der virgezunner Finall tëscht dem Novak Djokovic an dem Carlos Alcaraz. Den 22-fache Grand-Slam-Gewënner hat an de Véierelsfinallen duerchaus Probleemer géint de Karen Khachanov. De Russ huet am Ufank mat vill Mutt opgespillt a konnt sech den éischte Saz sécheren. Duerno ass de Serb awer ëmmer méi staark ginn an huet um Enn mat 4:6, 7:6 (7:0), 6:2 a 6:4 gewonnen. Fir den Djokovic ass et a senger Karriär déi 12. Halleffinall bei de French Open. Den 20 Joer alen Alcaraz huet sengem Géigner an de Véierelsfinalle keng Chance gelooss. Mat 6:2, 6:1 a 7:6 (7:5) huet hie géint de Stefanos Tsitsipas den Ticket fir d'Halleffinalle geléist.

Bis ewell stounge sech den Djokovic an den Alcaraz eréischt eng Kéier géigeniwwer. 2022 hat de Spuenier knapp zu Madrid gewonnen.

An der zweeter Halleffinall sti sech de Casper Ruud an den Alexander Zverev géigeniwwer. Den Norweger Ruud huet den Dän Holger Rune kloer mat 6:1, 6:2, 3:6 a 6:3 geklappt. Fir den Zverev gouf et eng 6:4, 3:6, 6:3 a 6:4 Victoire géint den Argentinier Tomás Martín Etcheverry.

D'Halleffinalle bei den Häre ginn e Freideg gespillt. D'Finall ass dann e Sonndeg.

Bei den Damme sti sech schonn en Donneschdeg an den Halleffinallen zum Duell tëscht der Nummer 1 op der Welt Iga Swiatek an dem Beatriz Haddad Maia. D'Swiatek hat beim 6:4 a 6:2 keng Problemer géint d'Cori Gauff. An d'Haddad Maia war dem Ons Jabeur mat 3:6, 7:6 (7:5) a 6:1 iwwerleeën.

An der zweeter Halleffinall kritt et d'Nummer 2 op der Welt Aryna Sabalenka mam Karolina Muchova ze dinn. Fir d'Sabalenka gouf et an der Véierelsfinall eng 6:4 a 6:4 Victoire géint d'Elina Svitolina. D'Muchova huet sech géint d'Anastasia Pavlyuchenkova mat 7:5 a 6:2 behaapt.