Novak Djokovic spillt an der Finall géint de Casper Ruud

© AFP
De Serb Novak Djokovic klappt de Spuenier Carlos Alcaraz an de Casper Ruud huet dem Alexander Zverev keng Chance gelooss.
Den Novak Djokovic huet zu Roland Garros a 4 Sätz mat 3:6, 7:5, 6:1 a 6:1 géint de Carlos Alcaraz behaapt. De Spuenier hat sech am Ufank vum drëtte Saz blesséiert.
An der Finall spillt den Djokovic géint de Casper Ruud. Den Norweger huet sech an der zweeter Halleffinall däitlech mat 6:3, 6:4 a 6:0 géint den Alexander Zverev konnten duerchsetzen.
Fir de Casper Ruud wäert et seng 3. Grand-Slam-Finall a senger nach jonker Karriär sinn, iwwerdeems den Djokovic säin 23. Grand Slam kéint gewannen, dat ass bis ewell nach kengem männlechen Tennisspiller gelongen.