Iwwert d'Olympesch Distanz sinn de Gregor Payet an d'Eva Daniëls zu Weihai a China un den Depart gaangen, a konnten hei gutt Resultater feieren.

No 1.500 Meter Schwammen, 40km Vëlo an 10km Lafen konnt de Gregor Payet sech um Enn iwwert eng exzellent 9. Plaz am Generalklassement freeën. Dat ass säi bescht Resultat am Weltcup an ënnersträicht seng aktuell gutt Form.

Hie ka mat dësem Resultat wichteg Punkte sammele fir eng Olympia-Qualifikatioun.

Bei den Damme war et de Comeback vum Eva Daniëls, no enger laanger Paus aus gesondheetleche Grënn. D'Zil a China war et, fir Punkte fir den Olympesche Ranking ze sammelen, wat der Triathletin och gelongen ass. Um Enn gouf et nämlech eng encouragant 17. Plaz am Generalklassement. Domat kommen ongeféier 145 zousätzlech Punkten op den Olympesche Kont. Domat kënnt d'Eva Daniëls nees méi no un d'Top80.