Déi grouss Favoritten op den Titel bei de US Open stinn an den Aachtelsfinallen.

Bei den Häre sinn déi zwee ganz grouss Favoritten Carlos Alcaraz an Novak Djokovic nach mat an der Course ëm den Titel. Déi spuenesch Nummer 1 op der Welt huet awer géint den Daniel Evans misse kämpfen an huet um Enn am 4-Saz-Match ee Saz missen ofginn, fir den Ticket fir d'Aachtelsfinallen ze léisen.

Den Novak Djokovic, 23-fache Grand-Slam-Gewënner, huet géint de Laslo Djere missen iwwer fënnef Sätz goen, fir sech den Ticket fir déi nächste Ronn ze sécheren.

Nach mat dobäi ass ënnert anerem och nach den Daniil Medwedew. Hien huet de Sebastian Baez an 3 Sätz geklappt a steet fir déi fënnefte Kéier noeneen ënnert de beschte 16.

Bei den Damme sinn d'Favoritinnen Iga Swiatek an d'Aryna Sabalenka och nach mat vun der Partie.

Eliminéiert gouf dogéint d'Jelena Rybakina. D'Nummer 4 op der Welt huet sech missen der Rumänin Sorana Cirstea an 3 Sätz geschloe ginn a muss domadder weider op hir éischt Aachtelsfinall-Participatioun bei de US Open waarden.

Den Iwwerbléck vun den Aachtelsfinallen

Hären

Tommy Paul - Ben Shelton
Rinky Hijikata - Frances Tiafoe
Dominic Stricker -  Taylor Fritz
Carlos Alcaraz - Matteo Arnaldi
Jack Draper - Andrey Rublev
Alexander Zverev - Jannik Sinner
Daniil Medvedev - Alex De Minaur
Borna Gojo - Novak Djokovic

Dammen

Karolina Muchova - Xinyu Wang
Sorana Cirstea - Belinda Bencic
Caroline Wozniacki - Cori Gauff
Daria Kasatkina Aryna Sabalenka
Madison Keys - Jessica Pegula
Ons Jabeur - Qinwen Zheng
Peyton Stearns - Markéta Vondroušová
Iga Świątek - Jelena Ostapenko