Finn Kemp kënnt bei Juniore-WM op déi 14. Plaz

Op der Juniore-Schwamm-Weltmeeschterschaft zu Netanya an Israel kënnt de Finn Kemp iwwer 100 Meter Brasse an den Halleffinallen um Enn op déi 14. Plaz.
Dat 18 Joer jonkt Talent schléit no enger Minutt 3 Sekonnen an 30 Honnertstel un a war domat 18 Honnertstel méi séier wéi an de Serien e Méindeg de Moien. Fir de Kemp ass dat nees eng nei perséinlech Beschtzäit. Am Ganze ware 57 Schwëmmer um Depart.

D'Zäit vum Finn Kemp ass d'Lëtzebuerger Beschtzäit iwwert déi Distanz bei Schwëmmer ënner 18 Joer.
Op den 200 Meter 4Nages kënnt de Finn Kemp um Enn op déi 21. Plaz ënner 55 Konkurrenten. Den 18 Joer jonke Schwëmmer schléit no 2 Minutten, 5 Sekonnen a 26 Honnertstel un a war domat 68 Honnertstel méi séier wéi seng perséinlech Beschtzäit. Just déi 8 Séierst sinn an d'Finall komm.