US Open
An de Véierelsfinalle kënnt et zum Duell Zverev-Alcaraz

© AFP
Den däitschen Tennisprofi Alexander Zverev steet an de Véierelsfinalle vun de US Open a kritt et do mat der Nummer 1 vun der Welt Carlos Alcaraz ze dinn.
E Méindeg huet den Zverev sech op viller Distanz iwwer 4 Stonnen a 40 Minutten a fënnef Sätz géint den Italiener Jannik Sinner behaapt. An den aneren Aachtelsfinallen huet sech nach de Russ Danil Medvedew a 4 Sätz géint den Australier Alex De Minaur behaapt.
Bei den Dammen ass en Dënschdeg den Owend déi éischt Véierelsfinall tëscht dem Jelena Ostapenko an dem Cory Gauff.
Am meeschte gelies