Bei de US Open am Tennis stinn den US-Amerikaner Ben Shelton an de Serb Novak Djokovic als éischt Halleffinaliste fest.

Den Novak Djokovic konnt sech mat 6:1, 6:4 a 6:4 géint de Lokalmatador Taylor Fritz duerchsetzen, iwwerdeems de Ben Shelton sech am reng US-amerikaneschen Duell mat 6:2, 3:6, 7:6 a 6:2 géint de Frances Tiafoe behaapte konnt. Fir den 20 Joer ale Schelton ass et déi éischte Kéier a senger Karriär, datt e bei engem Grand Slam an der Halleffinall steet. Hei kritt hien et elo mam 23-fache Grand-Slam-Gewënner Novak Djokovic ze dinn.

Och bei den Damme stinn déi éischt zwou Halleffinalistinne fest. D'Karolina Muchova huet kloer mat 6:0 a 6:3 géint d'Rumänin Sorana Cirstea gewonnen a muss an der Ronn vun de leschte 4 elo géint d'Lokalmatadorin Cori Gauff untrieden, déi hirersäits d'Jelena Ostapenko aus Lettland mat 6:0 a 6:2 eliminéiert huet.