Aktuell sinn 3 Judoka an der Grondausbildung vun der Arméi
Et ass fir Individual-Sportler e Moyen fir finanziell wéinstens e bëssen ofgeséchert ze sinn.
Als Elittesportler kann een no 4 Méint Grondausbildung um Bierg de Status als Sportzaldot kréien. Zanter 1997 hu 6 Judoka dovunner profitéiert, dorënner och d’Marie Muller. Ma vum 4. September u koume gläich 3 Memberen aus der FLAM Judo dobäi. Zanter enger knapper Woch sinn dës Athletinnen aus der Judo-Nationalekipp net méi all Dag um Tatami, mä um Terrain. Nieft dem Carla Tavares sinn aktuell mam Anetta Mosr an dem Kenza Cossu zwee Memberen aus dem COSL-Promotiounskader fir 4 Méint um Härebierg an der Grond-Ausbildung. Et gëtt de Sportler eng finanziell Ofsécherung. Sou kënne sech déi 3 vill méi op den Training konzentréieren a mussen net fäerten, um Enn vum Mount keng Sue méi um Konto ze hunn.
D’Anettta Mosr huet mëttlerweil 22 Joer an hat déi leschte Joren ëmmer mat Blessuren ze kämpfen. Soss wier sécher méi ewéi eng 5. Plaz bei der Cadet-EM an engem Succès bei engem European Cup erausgesprongen. D’Judoka vu Beefort huet enormt Potential a konzentréiert sech virun hirem Master an der Biologie elo emol ganz op de Judo. Obwuel dee lo 4 Méint net um Programm steet. Dat wier awer kee grousse Problem, sou d’Anetta Mosr. Et géif ee vill Sport maachen a sech beweegen an deemno wéinstens net vill u Muskelmass verléieren. Genee ewéi d’Anetta Mosr kämpft och d’Kenza Cossu an der Kategorie ënner 63 Kilo. Déi 19 Joer al Judoka war 2021 2. op der Cadet-EM, huet sech awer d’lescht Saison op hir Première konzentréiert. D’Arméi bitt hir lo d’Chance, duerchzestarten, ouni ze vill Kompromësser mussen anzegoen. Am Januar fänkt d’Kenza Cossu mat engem Fernstudium un. Bis dohinner notzt si d’Zäit fir d’Grondausbildung a muss sech net tëschent Judo oder Studium decidéieren.
Zemools fir Individualsportler ass et schwéier, e finanziellen a logisteschen Encadrement ze hunn, déi et hinnen erlaabt, um héijen Niveau matzehalen. Mat der Hëllef vun der Sportaart kënnen déi Responsabel am Judo hir Elite besser fërderen. Et géife logistesch a finanziell Virdeeler bréngen, net eleng, mä zu 3 mam Nationaltrainer op Stagen a Competitiounen ze goen. D’Carla Tavares ass och 2004 gebuer a wëll an hirer Kategorie ënnert 52 Kilo wieder Progrèse maachen. D’Judoka vu Beefort wëll hier Chance no e puer gudde Resultater notzen a weider progresséieren. Lo steet wuel nach d’IB un. Mee déi 3 si jo net eleng an dat wier e Virdeel, well ee weess, wat deen aneren duerchmécht, sou d’Carla Tavares.
4 Méint op Zänn bäissen, ass kee Problem fir dës 3 Nowuesstalenter. Si si sech hirer Chance nämlech bewosst a wëllen déi och notzen.