Patrick Kaczinski wënnt iwwer 75 Kilometer
Ronn 700 Leefer a Leeferinne ware beim Ultratrail am Mëllerdall um Depart.
172 dovun haten sech getraut, fir de Mëllerdall wärend der Nuecht z'entdecken. 111 oder 75 Kilometer stoungen um Menü.
An der Nuecht oder am Dag, tëschent de Fielsen ze lafen ass nach laang net dat selwecht. An der Nuecht koumen d'Frënn vun der Natur an der Déierewelt voll op hier Käschten. Och wärend der Nuecht war d'Angscht fir sech ze verlafen méi grouss wéi am Dag.
Déi éischt, déi sech fir d'75 Kilometer entscheet haten, sinn um 3 Auer an der Nuecht fortgelaf a koume géit 10 Auer Moies un. Den Éischten, de Patrick Kaczinski aus Däitschland, huet sech mat engem Virsprong vu just e puer Sekonnen op de Lëtzebuerger duerchgesat. De Pitt Schneider gouf den 3.. Hien hat misse labber loossen, well d'Reserven him gefeelt haten, well de leschte Ravi nach net prett war.
D'Stana Bosic hat iwwer 75 Kilometer bei de Lëtzebuerger Dammen d'Nues vir. Nodeems déi éischt ukomm waren, hu sech d'Participantë vum Shorty op de Wee gemaach. Dat waren ëmmerhin nach 21 oder 35 Kilometer. Si hunn d'Wanderer um Wee vum UNESCO Geopark begéint. D'Popularitéit vun dësem wonnerschéine Site wiisst vu Joer zu Joer. Och d'Zuel vun de Fraen, déi sech fir den Ultratrail begeeschteren, ass an dësem Joer an d'Luucht gaangen.
Déi komplett Podiumen
111 km Ultra Trail
Hären
1. Jérôme FERRIS 11:27:38
2. Boris SESELJ 11:37:38
3. Clément EICHER 11:42:43 Dammen
1. Shefi XHAFERAJ 12:27:20 (neie Streckerekord an drëtt Victoire hannereneen)
2. Victoria BERG 15:33:43
3. Constance JACOB 15:42:29
75 km Trail
Hären
1. Patrick KACZYNSKI 06:55:22
2. Toni VEIGAS 06:56:02
3. Pitt SCHNEIDER 07:02:42 Dammen
1. Stana BOSIC 08:53:23
2. Charlotte TADDEI 09:24:19
3. Danièle Raach 09:27:26
35 km Trail
Hären
1. Denis TRILLET 02:42:35
2. Hugo RALET 03:01:15
3. Luca CLEES 03:06:54 Dammen
1. Manuela SOCCOL 03:35:29
2. Asia KOMISSAROVA 03:42:04
3. Charlotte VANAERDE 03:59:57
21 km Shorty Trail
Hären
1. Mike DIENER 01:52:37
2. Benjamin VAN HECKE 01:54:46
3. Luca Ruben KLIMM 01:57:26 Dammen
1. Clemence OUDAR 02:10:13
2. Idil SARBAN 02:24:30
3. Jil NEY 02:25:43