De Serb huet d'Finall vun de US Open mat 6:3, 7:6 a 6:3 géint de Russ Daniil Medvedev gewonnen a schreift domat weider Tennis-Geschicht.

Hien huet elo nämlech ganzer 24 Grand-Slam-Titelen op sengem Konto, genau esou vill wéi d'Australierin Margaret Court, déi bis elo eleng de Rekord hat fir déi meescht Titele bei de véier gréissten Tennis-Tournoie vun der Welt.

De 36 Joer alen Djokovic ass elo och deen eelste Spiller an der Geschicht, deen d'US Open gewanne konnt. De Serb ass no sengem 4 Succès zu Flushing Meadows och nees d'Nummer 1 an der Weltranglëscht.