D'Rallye-WM kritt no 2024 en neie Pneue-Liwwerant

© AFP
Fir d'Period vun 2025 bis 2027 gëtt et eng nei Ausschreiwung fir offizielle Pneue-Fournisseur fir d'Rallye-WM ze ginn.
Um Samschdeg de Moien huet Pirelli an engem Pressecommuniqué matgedeelt, dass ee keng Kandidatur méi dofir wäert stellen. Et hätt ee kënne seng Ziler erreechen, déi ee sech virun 3 Joer gesat huet. Fir 2024 bleift een den eenzegen offizielle Fournisseur fir d'WRC, duerno da wäert et eng nei Mark ginn.
Et géif een dem Rallyesport awer trei bleiwen an och weiderhi Pneuen ubidden, fir déi aner Kategorien am Rallye, dorënner och d'ERC.
Wéi Motorsport.com gemellt hat, geet een dovunner aus, dass Michelin nees mat an d'Course wäert goen, fir d'Autoen an der héchster Rallye-Klass mat Pneuen ze equipéieren. Si hunn dat scho vun 2011 bis 2020 gemaach, éier Pirelli den Zouschlag kritt hat.
Och MRF kéint eng Demande maachen, fir vun 2025 bis 2027 Pneue-Fournisseur an der WRC ze ginn, grad ewéi Hankook.