Manchester United kasséiert déi drëtt Néierlag an der Saison, wärend Liverpool optrompt. An der Serie A gewënnt Juventus géint Lazio Roum.

Bundesliga

De Resumé vun de Samschdesmatcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.

Premier League

Wolverhampton - Liverpool 1:3
1:0 Hwang (7'), 1:1 Gakpo (55'), 1:2 Robertson (85'), 1:3 Bueno (90'+1, Eegegol)

No enger schwaacher éischter Hallschent an engem fréie Géigegol huet Liverpool sech an der zweeter Hallschent gesteigert an de Match nach gedréint kritt. Den Ausgläich duerch de Gakpo war fir de Salah eng speziell Situatioun: et war seng 200. Golbedeelegung an der Premier League. Och duerno haten d'Reds nach eng Rei Chancen, mee eréischt de Robertson konnt vun engem Feeler vum géigneresche Golkipp profitéieren. Duerch den Eegegol vum Bueno war Liverpool d'Victoire net méi ze huelen. Den LFC steet no fënnef Spilldeeg op der drëtter Tabelleplaz.

Manchester United - Brighton 1:3
0:1 Welbeck (20'), 0:2 Groß (53'), 0:3 Joao Pedro (71'), 1:3 Mejbri (73')

Manchester United ass net gutt an déi nei Saison gestart a läit no fënnef Matcher am Tabellemëttelfeld just op Plaz 12. ManU huet sech bis zur Hallschent net vum 0:1 beandrocke gelooss a konnt an der 40. Minutt duerch den Neizougang Kasper Hojlund ausgläichen, dee Gol gouf awer wéinst Abseits vum VAR oferkannt. Nom Säitewiessel huet Brighton Manchester mam zweete Gol geschockt. Och wann d'Red Devils nom drëtte Géigegol séier den Uschloss markéiert haten, konnt si frou sinn, net nach méi héich verluer ze hunn.

Tottenham - Sheffield 2:1
0:1 Hamer (74'), 1:1 Richarlison (90'+8), 2:1 Kulusevski (90'+10)

Et war e verréckte Match un der White Hart Lane. Et gouf méi Giel Kaarte wéi Golchancë vu béiden Ekippen, firwat och eng laang Nospillzäit annoncéiert gouf. Sheffield war an der 74. Minutt a Féierung gaangen, mee Tottenham konnt an enger turbulenter Schlussphas fir d'éischt ausgläichen an duerno nach de spéiden decisiven 2:1 markéieren.

West Ham - Manchester City 1:3
1:0 Ward-Prowse (36'), 1:1 Doku (46'), 1:2 Silva (76'), 1:3 Haaland (86')

Den amtéierende Champion hat an der éischter Hallschent wuel eng Rei Golchancen, konnt dës awer net notzen a louch zur Paus 0:1 hannen. Den Doku, dee beim 0:1 net gutt ausgesinn hat, konnt säi Feeler direkt no der Paus nees guttmaachen an hat eng domat déi grouss Attack vun de Citizens lancéiert. De Bernardo Silva an den Haaland hunn duerno de Match fir ManCity gedréint.

Newcastle - Brentford 1:0
1:0 Wilson (64')

Newcastle konnt sech mat dësem 1:0 e bëssen aus der Kris befräien, an dat virum Retour op den internationale Parquet an der Champions League. Et war e verdéngten 1:0, deen d'Magpies schlussendlech iwwer d'Zäit gerett kruten. Fir Brentford war et déi éischt Néierlag an der Saison.

Serie A

Juventus Turin - Lazio Roum 3:1
1:0 Vlahovic (10'), 2:0 Chiesa (26'), 2:1 Luis Alberto (64'), 3:1 Vlahovic (67')

Juventus Turin gewënnt souverän géint Lazio Roum a vergréissert domat d'Kris beim Klub aus der Haaptstad. D'Laziali sinn dem Spill vun Ufank un hannendru gelaf, wat Juventus mat zwee fréie Goler bestrooft huet. No der Paus hunn de Luis Alberto wéi och de Vlahovic mat zwee schéine Goler fir hir Ekippe markéiert, woumat Turin de Match an der Täsch hat.

Inter Mailand - AC Mailand 5:1
1:0 Mkhitaryan (5'), 2:0 Thuram (38'), 2:1 Rafael Leao (57'), 3:1 Mkhitaryan (69'), 4:1 Calhanoglu (79', Eelefmeter), 5:1 Frattesi (90'+3)

D'Nerazzurri hunn de Mailänner Derby kloer fir sech entscheet. Mat dem éischte proppere Schoss op de Gol hat Inter den éischte Gol markéiert. Den AC Mailand huet laang gebraucht, fir an de Match ze fannen, mee genee an där Phas huet Inter den zweete Gol geschoss. No der Paus wollten d'Rossoneri äntweren a konnten och verkierzen, mee Inter Mailand war einfach ze staark an huet Milan déi héchst Derby-Néierlag zënter 49 Joer zougefüügt.

Ligue 1

Rennes - Lille 2:2
0:1 Yoro (33'), 0:2 Diakité (62'), 1:2 Assignon (74'), 2:2 Salah (89')

Am Duell vun den Tabellennopere gouf et e gerechte Remis. Rennes huet an dëser Saison nach kee Match verluer, awer scho véiermol gläich gespillt.

La Liga

Valencia - Atlético Madrid 3:0
1:0 Duro (5'), 2:0 Duro (34'), 3:0 Guerra (54')

Atlético Madrid huet déi éischt Néierlag an der neier Saison mussen hinhuelen, an dat virum Optakt an der Champions League. Den FC Valencia, deen eng ganz schlecht viregt Saison gespillt hat, steet no fënnef Spilldeeg mat 9 Punkten op der fënnefter Tabelleplaz. Atlético huet guer net an de Match fonnt an huet eng ganz schwaach Leeschtung gewisen. Valencia huet einfach op Feeler vun der Rojiblanco musse waarden an dës notzen.