Nom zweete Spilldag am Dammechampionnat ass mat Ell just nach eng Ekipp ouni Punktverloscht.

De Champion Racing huet sech a sengem éischte Match vun der Saison beim 1:0 géint Dikrech méi schwéier gedoe wéi erwaart. D'Karoline Kohr huet an der 75. Minutt den decisive Gol fir d'Ekipp aus der Stad geschoss.

Déi meescht Goler op dësem Spilldag si beim 5:3 vun Ell géint Jonglënster gefall. Jonglënster war wuel a Féierung gaangen, mee Ell konnt dëse Réckstand no der Paus bannent 30 Minutten an e 5:1 verwandelen. Um Enn huet Jonglënster nach zweemol de Gol getraff.

Och bei der 6:0-Auswäertsvictoire vun Hesper zu Rouspert gouf et vill Goler ze bestaunen. Schonn an der 11. Minutt hat et duerch d'Sebe Coulibaly am Gol gerabbelt, mee duerno huet et bis an d'71. Minutt gedauert, bis de Ball eng zweet Kéier am Filet louch. Uschléissend huet all Schoss vun Hesper Säit de Ball an de Filet fonnt, sou dass um Enn d'hallef Dose voll war. Rouspert huet schonn no zwee Spilldeeg e Golverhältnis vun 0:16 an ass Tabelleleschten.

An den anere Matcher hu sech Mamer an d'Entente Wuermer/Mënsbech/Gréiwemaacher 1:1 getrennt an Déifferdeng/Uewerkuer huet mat 2:1 géint Beetebuerg gewonnen.