De Chris Rodesch séchert senger Ekipp den decisiven drëtte Punkt. Lëtzebuerg spillt elo ëm den Opstig an d'Weltgrupp 1.

Nodeems et nom éischten Dag vum Davis Cup 1:1 stoung, war déi lëtzebuergesch Ekipp géint Slowenien ënner Zuchzwang, fir net nees aus der Weltgrupp 2 erauszefale resp. am Playoff untrieden ze mussen.

Den éischte Match konnt Lëtzebuerg am Dubbel Knaff/Rodesch an zwee Sätz (7:5, 6:4) fir sech entscheeden. Duerno stoung den Alex Knaff direkt nees um Terrain an huet géint de Blaz Rola an zwee Sätz (4:6, 2:6) de Kierzere gezunn. D'Decisioun ass am leschte Match tëscht dem Chris Rodesch an dem Bor Artnak gefall, wou de Lëtzebuerger sech an engem spannende Match schlussendlech an Sätz (6:2, 7:6) behaapte konnt.

Domat bleift Lëtzebuerg sécher an der Weltgrupp 2 a spillt d'nächst Joer am Playoff fir an d'Weltgrupp 1.

Als Nummer 64 am Natioune-Ranking sinn do déi meescht Länner besser klasséiert wéi Lëtzebuerg. E Mëttwoch ass d'Auslousung an da ginn Alex Knaff, Chris Rodesch a Co. gewuer, géint wie se spillen, esou den Davis-Cup-Kapitän Gilles Muller.

De Gilles Muller

Aner Natiounen, déi elo iwwert de Weekend am Weltgrupp 1 verluer hunn an deemno am Play-Off Géigner vun de Lëtzebuerger kéinte ginn, si Litauen, Rumänien, awer zum Beispill och Éisträich.