Déifferdeng spillt gläich, F91 verléiert däitlech
Donieft huet de Progrès géint Rouspert gläich gespillt. D'Jeunesse huet zu Käerjeng och just 1:1 gespillt. Ënnen of huet de Racing wichteg 3 Punkte geholl.
Um Sonndeg stoung de 6. Spilldag vum nationale Futtball-Championnat mat ënner anerem dem Match Munneref géint Diddeleng um Programm.
Munneref huet sech dobäi doheem däitlech mat 4:0 géint Diddeleng behaapt. D'Heemekipp war direkt hellwakereg an huet an den éischten 30 Minutten dräimol markéiert. Neves da Costa, Kumbi, a Bekkouche no engem Eelefmeter hate fir d'Goler gesuergt. Den F91 ass guer net an de Match komm a war ëmmer e Schratt méi lues wéi hire Géigner. Nom Säitewiessel huet Diddeleng 10 Minutte mat vill Elan gespillt, et sollt hinnen awer kee Gol geléngen. An der Suite ass d'Heemekipp nees an de Match komm, huet e weidere Gol geschoss an ass um Enn verdéngt mat enger héijer Victoire vum Terrain gaangen.
De Progrès huet géint Rouspert 1:1 gläich gespillt. Zu Nidderkuer ass an der éischter Hallschent net vill passéiert. De Progrès konnt sech géint eng kompakt Ofwier vu Rouspert net vill Chancen erausspillen. An der 2. Hallschent huet de Natami den defensive Block mat sengem Gol geknackt. Rouspert huet awer direkt reagéiert an den 1:1 markéiert. An der Suite sollt kenge vu béiden Ekippen nach e Gol geléngen. Nidderkuer huet et verpasst, mat Déifferdeng un der Tabellespëtzt gläichzezéien.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Progrès - Rouspert 1:1
1:0 Natami (57'), 1:1 Redekop (59')
US Munneref - F91 4:0
1:0 Neves da Costa (5'), 2:0 Kumbi (13'), 3:0 Bekkouche (26', Eelefmeter), 4:0 Benamra (84')
Käerjeng - Jeunesse 1:1
1:0 Boutrif (42'), 1:1 Larrière (75')
Monnerech - Miersch 1:2
1:0 El Amraoui (61'), 1:1 Bresch B. (69', Eelefmeter), 1:2 Bresch (86')
RFCUL - Schëffleng 1:0
1:0 Ahmetxhekaj (88')
Fola - Hesper 1:2
0:1 Couturier (35'), 0:2 Prempeh J. (51'), 1:2 Lienafa (64')
Wolz - Péiteng 2:0
1:0 Cavagnera (34'), 2:0 Ngwisani (79')
Stroossen - Déifferdeng 2:2
0:1 Trani (51'), 0:2 Nagera (55'), 1:2 Pimentel (74'), 2:2 Shala (90+2')
D‘Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticket)