Historeschen Erfolleg fir Heidenheim, Chelsea just mat Remis

© afp
Heidenheim huet géint Bremen den éischte Succès an der 1. Bundesliga gefeiert. An der Premier League huet Chelsea zu Bournemouth just gläich gespillt.
Gladbach huet en 0:3-Réckstand opgeholl, wärend Arsenal knapp zu Everton d'Iwwerhand behalen huet.
Monaco huet no engem ganz gudde Start an d'Saison och just 2:2 zu Lorient gespillt.
Bundesliga
Heidenheim - Werder Bremen 4:2
1:0 Kleindienst (6', Eelefmeter), 2:0 Dinkci (44'), 2:1 Duksch (49'), 2:2 Weiser (64'), 3:2 Dinkci (68'), 4:2 Beste (76')
Op der Ostalb hunn d'Spectateure flotten Offensivspektakel gewise kritt. Den Opsteiger huet an der 1. Hallschent seng Méiglechkeete genotzt. Bremen huet no der Paus reagéiert a koum op 2:2 erun. Heidenheim huet awer net opginn an d'Ex-Bremer Dinkci mat sengem 2. Gol a Beste hu fir den 2-Goler-Virsprong gesuergt. D'Gäscht konnten net méi reagéieren. Am 4. Match gëtt et domadder den 1. Succès iwwerhaapt vun Heidenheim an der Bundesliga.
Darmstadt - Gladbach 3:3
1:0 Mehlem (8'), 2:0 Maglica (10'), 3:0 Skarke (33'), 3:1 Jordan (56'), 3:2 Neuhaus (73'), 3:3 Cvancara (77')
D'Gäscht hate virun der Paus näischt ze gutt a goufe vun Darmstadt iwwerrannt. No 33 Minutte war d'Heemekipp schonns 3:0 am Avantage. No der Paus gouf et dunn en anert Bild um Terrain. No der rouder Kaart fir de Maglica vun Darmstadt an der 49. Minutt huet Gladbach opgedréint. Den Jordan, de Neuhaus an de Cvancara hu mat hire Goler fir den 3:3 Ausgläich gesuergt. D'Gäscht kënne no deem Spillverlaf mat engem Punkt liewen. Béid Ekippe waarden awer weiderhin op den éischten Erfolleg an der Saison.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Bournemouth - Chelsea 0:0
No 5 Matcher steet Chelsea bei just enger Victoire an der Premier League. Béid Ekippen hate wärend der ganzer Partie grouss Geleeënheeten, de Ball sollt awer op kenger Säit de Wee an de Filet fannen. Um Enn sollt kee Gol falen.
Everton - Arsenal 0:1
0:1 Trossard (69')
Arsenal ass ee Gol vum Trossard duergaange, fir sech zu Everton duerchzesetzen. D'Gäscht bleiwe mat 13 Punkten aus 5 Matcher um Spëtzegrupp an der Tabell drun. Everton huet just ee Punkt a bleift am Tabellekeller.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Fiorentina - Atalanta Bergamo 3:2
0:1 Koopmeiners (20'), 1:1 Bonaventura (35'), 2:1 Martinez (45'), 2:2 Lookman (53'), 3:2 Kouamé (76')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lorient - Monaco 2:2
1:0 Tosin (2'), 1:1 Golovin (17'), 1:2 Balogun (69'), 2:2 Faivre (90+8')
Fir Monaco gouf et no engem gudde Start an d'Saison e klenge Réckschlag. Zu Lorient huet d'Ekipp vum Adi Hütter just 2:2 gläich gespillt. Den Ausgläich fir d'Heemekipp ass spéit an der Nospillzäit gefall. Lorient war direkt am Match an ass och mat der éischter Aktioun a Féierung gaangen. De Golovin konnt fir seng Faarwen den 1:1 no 17 Minutte markéieren. Obwuel d'Gäscht méi Ballbesëtz haten, war et e Match op Aenhéicht. Monaco sollt de Match no knapp 70 Minutte souguer ganz dréinen. Fir 3 Punkte sollt et awer net duergoen. Monaco bleift mat 11 Punkten aus 5 Matcher op Plaz 1 an der Tabell.