Victoire fir den CSL
Um Sonndeg stoung d'Coupe des Dames an der Liichtathletik um Programm.
Genau esou wéi bei den Hären, waren d'Lëtzebuerger Top-Athletinnen net um Depart. No enger laanger Saison mat Welt- an Europameeschterschafte war eng Paus verdéngt a noutwenneg. D'Charline Mathias ass no 2 Woche Vakanz trotzdeem fir hire Veräin iwwert d'800 Meter un den Depart gaangen. D'Athletin vum CSL huet sech virum Carole Kill duerchgesat. D'Mëttelstreckespezialistin huet awer schonn d'Wantersaison am Kapp. Ganz souverän huet déi jonk Triathletin Linda Krombach d'1500 Meter Course virum Jenny Gloden gewonnen.
D'Nora Lindhal mat der schwedescher Nationalitéit huet sech déi 1. Plaz souwuel iwwer d'100 wéi och iwwer d'200 Meter geséchert. Op dëser Streck gouf d'CSL-Athletin viru Kuerzem Europameeschterin bei den U20.
Genau wéi d'lescht Joer ass dem CSL den Doublé virum CA Diddeleng an der Fola gelongen. Domadder wäert de Stater Veräin erëm d'Organisatioun iwwerhuelen. Ob dat am Josy Barthel wäert sinn, dat steet nach an de Stären.