Nei Weltrekorder iwwer 5.000 Meter an am Stafhéichsprong

© AFP (Archiv)
Iwwer 5.000 Meter gehéiert de Weltrekord elo der Gudaf Tsegay. Am Stafhéichsprong huet den Armand Duplantis säi Weltrekord weider no uewe geschrauft.
An der Liichtathletik gouf et e Sonndeg den Owend beim Diamond-League-Meeting zu Eugene/Oregon an den USA zwee nei Weltrekorder.
Déi ethiopesch 10.000-Meter-Weltmeeschterin Gudaf Tsegay ass een neie Weltrekord iwwer 5.000 Meter gelaf. Déi 26 Joer al Leeferin huet 14 Minutten an 21 Honnertstel gebraucht. Si ass mat dësem Chrono knapp fënnef Sekonnen ënnert dem ale Weltrekord vun der Kenianerin Faith Kipyegon (14:05,20) bliwwen.

© AFP
Am Stafhéichsprong huet den Armand Duplantis eng weider Kéier säin eegene Weltrekord verbessert. Den 23 Joer ale Schwed huet d'Héicht vu 6,23 Meter geknackt an ass domadder fir déi siwente Kéier en neie Weltrekord gesprongen, dësen hat hie fir d'lescht am Februar zu Clermont-Ferrand op 6,22 Meter verbessert.