Nospillzäit - de Futtball-Podcast

Vun Champions League bis bei d'Nationalekipp – de Sam Rickal an de Yannick Zuidberg beschwätzen déi neist Entwécklungen aus dem internationale Futtball.
No all Champions-League-Spilldag kënnt eng nei Episod eraus, och iwwer d'Nationalekipp an den internationale Futtball wäerte si reegelméisseg am neie Podcast diskutéieren.
Deem een oder aneren, dee reegelméisseg de Sport op der Tëlee oder um Radio suivéiert, kommen dem Sam Rickal an dem Yannick Zuidberg hir Stëmme villäicht bekannt vir. Allebéid si begeeschtert Membere vun der Sportredaktioun a sinn och bei der Champions League op RTL am Asaz.
An der éischter Episod hu si zesumme mam Jeff Kettenmeyer d'Gruppe vun der Champions League ënner d'Lupp geholl.
