Am Fall vu Punktegläichstand mat der Slowakei zielt den direkte Verglach

Et war déi héchsten Defaite zanter 41 Joer: Den 0-9 vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp virun enger Woch zu Faro géint Portugal.
An der Europameeschterschaftsqualifikatioun bleiwen d'Chancë vun de Roude Léiwen no deem Debakel awer nach ëmmer bestoen, fir eventuell d'nächst Joer op der EM an Däitschland dobäi ze sinn. D'FLF-Formatioun steet am Grupp J an der Tabell nach ëmmer op der drëtter Plaz, 3 Punkten hannert dem zweeten Slowakei. Portugal ass als Éischten jo schonn esou gutt wéi duerch. Am Géigesaz zu deem, wat vill Leit mengen, spillt awer d'Goldifferenz tëscht der Slowakei a Lëtzebuerg, wann déi zwou Natiounen herno punktgläich wären, keng Roll. De Franky Hippert huet eng Woch nom Schëffbroch vu Faro, awer och beim Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz nogefrot wéi et him geet.
De Luc Holtz hat sech säin 125. Lännermatch als FLF-Nationaltrainer sécherlech anescht virgestallt. 3 Deeg nom staarken 3-1-Succès géint Island koum déi absolut Contreperformance a Portugal. Fir d'lescht haten d'Rout Léiwen 1982 an England mat deem nämmlechten héije Resultat verluer. De Luc Holtz ass iergendwéi den Nationaltrainer vun den positiven an negativen Rekorden. Op där enger Säit déi meeschte Victoiren, op där anerer Säit awer och elo déi héchsten Defaite.
Och wann et natierlech alles anescht wéi gutt fir d'Moral an den Image vun der Nationalequipe ass, esou spillen déi zwee Matcher géint Portugal - d'Rout Léiwen kruten op 6 Spilldeeg 16 Goler geschoss, dovu 15 vun de Portugisen - keng Roll, wat herno eng eventuell Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft ugeet:
"D’Reglement gesäit vir, datt am Fall vu Punktegläichheet, den direkte Vergläich zielt. Spréch, de Fall gesat, mir géifen herno op der zweeter Plaz ex aequo mat der Slowakei landen, dann wär et deen direkte Vergläich, deen als éischt géif zielen. Dat heescht, mir hunn 0-0 an der Slowakei gespillt, am Fall, wou mer elo géifen d’Slowakei heiheem klappen, wäre mer herno Gruppenzweeten an dee Moment qualifizéiert."
Am Oktober ass de Mount vun der Wourecht mat der Flicht den 16. Oktober am Stade de Luxembourg géint d'Slowakei. Am November kéim dann nach d'Kür mam Heemmatch géint Bosnien-Herzegowina, respektiv der Auswäertspartie a Liechtenstein. Wann déi 3 Matcher géife gewonne ginn, da wär Lëtzebuerg d'nächst Joer op der Europameeschterschaft an Däitschland dobäi.
Virum Slowakei-Match de 16. Oktober spillen d'Rout Léiwen awer och nach den 13. auswäerts géint Island.