Weider Victoire ginn et fir Feyenoord, Porto, ManCity a Leipzig. Tëscht Mailand an Newcastle souwéi Lazio Roum an Atletico Madrid ginn et keng Gewënner.

Resumé vun der Uefa Conference League / vum Jeff Kettenmeyer

En Dënschdeg stoung den éischte Spilldag vun der Champions-League-Gruppephas um Programm. Dobäi koum et am Grupp F mam Match PSG géint Borussia Dortmund direkt zu engem héichkarätegen Duell. An dësem Duell konnten d'Fransousen allerdéngs d'Iwwerhand behalen a sech déi dräi Punkte mat enger 2:0-Victoire sécheren. Am anere Match vum Grupp deele sech den AC Mailand an Newcastle United d'Punkten. Béid Formatioune kommen an engem relativ ausgeglachene Match net iwwert en 0:0-Gläichspill eraus.

Am Grupp G kann RB Leipzig den Optaktmatch souverän mat 3:1 géint d'Young Boys vu Bern gewannen. Manchester City dréint de Match no enger relativ schwaacher éischter Hallschent géint Roter Stern Belgrad a kann den Optaktmatch, genee esou wéi Leipzig, mat 3:1 fir sech entscheeden.

Am Grupp H iwwerrennt Barcelona Antwerpen mat 5:0 a léisst de Belsch zu kenger Sekonn eng Chance. Porto gewënnt dogéint mat 3:1 géint Schachtar Donezk.

Am Grupp E ka sech den hollännesche Meeschter vu Rotterdam mat 2:0 géint Celtic Glasgow duerchsetzen, wougéint Lazio Roum an den Atletico vu Madrid sech mat engem 1:1 trennen.

Grupp F

PSG - Borussia Dortmund 2:0
1:0 Mbappé (Eelefmeter 49'), 2:0 Hakimi (58')

An der Ufanksphas hu béid Ekippe mat Zoch op de Gol gespillt. Allerdéngs hu sech souwuel d'Paräisser ewéi och déi Dortmunder schwéier gedoen, fir sech kloer Golchancen erauszespillen. Esou huet et bis an déi 14. Minutt gedauert, ier datt de Malen deen éischte Schoss am Match a Richtung Gol lassgelooss huet. Doropshi war de Match fir e puer Minutte lancéiert: An der 19. Minutt hat de PSG mam Distanzschoss vum Vitinha déi éischten Occasioun am Match. Allerdéngs ass dem jonke Portugis säi Schoss just um Potto gelant. Zwou Minutte méi spéit huet den Can op Dortmunder Säite säi Gléck probéiert, mä och dem Däitsche säi Schoss konnt de Wee net an de Gol fannen. Doropshin huet de BVB sech zréckgezunn, soudatt de PSG de Ball an den eegene Reien dréine gelooss huet an dobäi d'Lächer an der Dortmunder Defense gesicht huet. De BVB wollt dogéint d'Akzenter an den Ëmschaltsituatioune setzen. Béid Formatiounen hate mat hirer Taktik keng Reussite, soudatt et ouni weider Golchancë mat engem 0:0 op den Téi gaangen ass.

Nom Téi huet de PSG mat voller Vitess ugefaangen an hat Chance, datt de spueneschen Arbitter an der 47. Minutt, nodeems de Süle mat der Hand um Ball war, op de Punkt gewisen huet. De fällegen Eelefmeter konnt den Mbappé du souverän verwandelen, soudatt de PSG den éischte Schrëtt a Richtung Optaktvictoire maache konnt. D'Dortmunder, déi doropshin offensiv gefuerdert waren, hunn allerdéngs kee Wee no vir fonnt, soudatt de PSG déi spillbestëmmend Ekipp bliwwen ass. Esou konnt den Hakimi an der 58. Minutt, no enger schéiner Kombinatioun, op 2:0 fir seng Faarwen erhéijen. Doropshin huet de PSG de Match geréiert an hat esouguer nach eng Chance, fir de Score op 3:0 ze erhéijen. Um Enn gewannen d'Fransousen relativ souverän mat 2:0 géint de BVB a starten domadder mat dräi Punkten an d'Champions-League-Saison.

De PSG wënnt mat 2:0 géint de BVB
D'Goler konnten dobäi den Mbappé an den Hakimi markéieren.

AC Mailand - Newcastle United 0:0

De Resumé vum Match tëscht Mailand an Newcastle
Béid Formatiounen trenne sech mat engem 0:0

Grupp E

Feyenoord Rotterdam - Celtic Glasgow 2:0
1:0 Stengs (45'+2), 2:0 Jahanbakhsh (76')

Lazio Roum - Atletico Madrid 1:1
0:1 Barrios (29'), 1:1 Provedel (90'+5)

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp E
Feyenoord Rotterdam ka sech mat 2:0 géint Celtic duerchsetzen. Am Match tëscht Lazio Roum an Atletico Madrid gëtt et kee Gewënner.

Grupp G

Young Boys Bern - RB Leipzig 1:3
0:1 Simakan (3'), 1:1 Elia (33'), 1:2 Schlager (73'), 1:3 Sesko (90'+2)

Manchester City - Roter Stern Belgrad 3:1
0:1 Bukari (45'+2), 1:1 Alvarez (47'), 2:1 Alvarez (60'), 3:1 Rodrigo (73')

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp G
Leipzig a Manchester City kënnen hir Matcher mat 3:1 géint Bern a Belgrad gewannen.

Grupp H

FC Barcelona - Royal Antwerpen 5:0
1:0 Joao Felix (11'), 2:0 Lewandowski (19'), 3:0 Bataille (Eegegol 22'), 4:0 Gavi (54'), 5:0 Joao Felix (66')

Schachtar Donezk - FC Porto 1:3
0:1 Galeno (8'), 1:1 Kelsy (13'), 1:2 Galeno (15'), 1:3 Taremi (29')

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp H
Barcelona léisst Antwerpen keng Chance a gewënnt mat 5:0. Porto ka sech dogéint mat 3:1 géint Donezk behaapten.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.