Benny Bresch suergt fir Mierscher Victoire

© Luca Kugener
Den Opsteiger huet sech mat 2:1 géint Käerjeng behaapt.
Den Opsteiger Miersch ass an der BGL Ligue weider staark ënnerwee. Fir den Optakt vum 7. Spilldag an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball huet sech d'Ekipp vum Trainer Mikhail Zaritski déi nächst dräi Punkte geséchert. Géint den Tabelleleschte Käerjeng huet ee sech mat 2:1 behaapt.
Dobäi hat et laang awer net no enger Victoire ausgesinn. Käerjeng war an der 19. Minutt duerch den Thiel mat 1:0 a Féierung gaangen. Eréischt an de leschten 20 Minutte konnt Miersch de Match nach dréinen an dat duerch de Bresch. An der 73. Minutt huet de Mierscher den 1:1 markéiert an an der 89. Minutt dunn den decisive Gol geschoss, sou datt sech Miersch mat 2:1 behaapt.
Fir de Benny Bresch waren dat d'Goler 6 a 7 an dëser Saison. D'Enn vum Match war fir de Stiermer awer dunn net esou gutt. An der Nospillzäit huet hie verletzungsbedéngt missten ausgewiesselt ginn.
D‘Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)