106 Ekippe mat iwwer 1.400 Participanten hate sech ageschriwwe fir déi 6. Editioun vum Charity Laf um Samschdeg op der Kockelscheier.

Iwwer 600.000 Euro sinn esou fir d’Kannerkriibsfuerschung zesumme komm, en neie Rekord fir d’Evenement. «Dës Solidaritéit fir eis Patienten an hir Famillen ass formidabel», sot d’Anne Goeres, Directrice vun der Fondatioun kriibskrank Kanner.

Mat de Suen sollen 9 Fuerschungsprojeten ënnerstëtzt ginn, déi als Objektiv hunn de klenge Patiente besser Heelungschancen ze bidden. Och gëtt a Projeten investéiert, déi dru schaffen manner gëfteg, dofir awer méi effizient Kriibsmedikamenter ze entwéckelen.

Och zu Paräis, Bréissel a Madrid gouf fir de gudden Zweck gelaf.

Déi nächst Editioun vu Lëtz Go Gold ass de Samschdeg 28. September 2024

https://www.letzgogold.lu/en