Déi 29 Joer al Leeferin huet de Weltrekord am Marathon ëm iwwer 2 Minutte verbessert.

Beim Marathon zu Berlin gouf e Sonndeg de Moien een neie Weltrekord bei den Dammen opgestallt. D'Äthiopierin Tigist Assefa huet fir déi 42,195 Kilometer 2:11:52 Stonne gebraucht, domadder ass si kloer ënnert der aler Beschtzäit vun der Kenianerin Brigid Kosgei bliwwen, si war 2019 zu Chicago 2:14:04 Stonne gelaf.

Bei de Männer huet den Eliud Kipchoge mat enger Zäit vun 2:02:42 Stonne gewonnen. Fir hien ass et schonn déi fënneft Victoire beim Berlin-Marathon, domadder ass hien elo de Rekordgewënner.

Beschte Lëtzebuerger war de Yonas Kindé. Hien ass mat enger Zäit vun 2:19:20 Stonnen deen 61. ginn.