Bob Bertemes a Shefi Xhaferaj Lëtzebuerger Champion
D'Route du Vin ass déi eelst Stroossecourse zu Lëtzebuerg. E Sonndeg stoungen nees 21 Kilometer ronderëm d'Muselstad Réimech um Programm.
De Bob Bertemes vum Celtic Dikrech ass Lëtzebuerger Champion am Semi-Marathon. Hie leeft no 1:06:22 als Gesamtvéierten iwwer d'Arrivée a war domat knapp dräi Minutte méi séier wéi de Yannick Lieners (CAB), deen e puer Sekonne virum Tom Reckinger vun der Fola an d'Zil koum.

© RTL / Bern Thill
Déi séierst Lëtzebuergerin war d'Shefi Xhaferaj vum Ettelbrécker Lafveräin (CAPA) an enger Zäit vun 1:25:11 virun der Lena Kersch vun der Fola (1:26:11) an der Laura Grober vum CAD. Championne vun der Federatioun gouf d'Tetyana Vernygor vum CSL, eng Ukrainerin, déi ënner Lëtzebuerger Lizenz ugetruede war.
De Semi-Marathon gëtt vum Fransous Nicolas Schyns gewonnen, deen no 1:03:54 virum Fidelio Klein iwwer d'Arrivée gelaf ass. Bei den Damme war d'Franséisin Juliette Thomas déi Séierst (1:13:56).