An der drëtter Woch vun der NFL gouf et eng Partie Iwwerraschungen an d'Miami Dolphins, déi 70 Punkte gescored hunn.

Et sinn déi meescht Punkten zanter 57 Joer. D'Miami Dolphins hu ganzer 70 Punkte markéiert, deemno genau 10 Touchdowns: 5 duerch d'Loft a 5 um Buedem. Eng historesch Victoire fir d'Ekipp ronderëm de Quarterback Tua Tagovailoa.

Ma net all d'Favoritte sinn hirer Roll e Sonndeg gerecht ginn. Esou hunn d'Baltimore Ravens iwwerraschend mat 19:22 géint d'Indianapolis Colts verluer, d'Jacksonville Jaguars verléiere kloer mat 17:37 géint d'Houston Texans an d'Dallas Cowboys hu mat 16:28 géint d'Arizona Cardinals de Kierzere gezunn.

Weider gouf et an engem enke Match déi éischt Victoire vun der Saison fir d'Los Angeles Chargers. Si gewanne mat 28:24 géint d'Minnesota Vikings, déi domat weider ouni Victoire bleiwen.

Alleguerten d'Resultater am Iwwerbléck

New York Giants - San Francisco 49ers 12:30

Indianapolis Colts - Baltimore Ravens 22:19

Tennessee Titans - Cleveland Browns 3:27

Atlanta Falcons - Detroit Lions 6:20

New Orleans Saints - Green Bay Packers 17:18

Houston Texans - Jacksonville Jaguars 37:17

Denver Broncos - Miami Dolphins 20:70

Los Angeles Chargers - Minnesota Vikings 28:24

New England Patriots - New York Jets 15:10

Buffalo Bills - Washington Commanders 37:3

Carolina Panthers - Seattle Seahawks 27:37

Dallas Cowboys - Arizona Cardinals 16:28

Chicago Bears - Kansas City Chiefs 10:41

Pittsburgh Steelers - Las Vegas Raiders 23:18