E Sonndeg gouf am Futsal de Supercup tëscht Nidderkuer an dem Doublé-Gewënner Déifferdeng gespillt.

Dës Match-Constellatioun gouf et och well an der Coupe-Finall. Viru 5 Méint konnt sech Déifferdeng däitlech géint Nidderkuer behaapten a war deementspriechend och dës Kéier de klore Favorit. Den FCD03 dominéiert an deene leschte Joren de Lëtzebuerger Futsal a konnt 4 Championstitelen an 3 Coupen gewannen.

400 Spectateuren an der Nidderkuerer Hal hunn eng éischt Hallschent gesinn, bei der de Favorit kloer iwwerleeën war. Tëscht der 6. an der 11. Minutt konnt Déifferdeng duerch Goler vum Ruben Reis a vum Carlos Soraes séier mat 4:0 a Féierung goen. De Sabry konnt zwar 5 Minuttn virun der Paus duerch een Hand-Eelefmeter op 1:4 verkierzen, éier den Carlos Soares kuerz drop op 5:1 stellen konnt.

An den zweeten 20 Minutten war et dunn dat nämmlecht Bild. Nidderkuer war gedanklech wuel nach an der Paus, do konnt de Champion de Score séier op 7:1 stellen. Zwar konnt de Bruno Costa nach op 2:7 verkierzen, mee dat war awer éischter ee Gol fir d'Statistik, well et sollt näischt um Ausgang vun dësem Match änneren. Eng Déifferdenger Äntwert huet gefillt just Millisekonne gedauert, well de Ruben Reis konnt direkt nom Géigegol den alen Ecart nees hierstellen.
Den Doublé-Gewënner huet net dru geduecht, ee Gang zeréck ze schalten an huet weiderhin op de Gas gedréckt.

D'11:2-Schlussresultat stoung ronn 30 Sekonne virum Enn vun dëser Partie fest. Eng verdéngte Victoire vun deenen Déifferdenger am Supercup, déi domadder hir Ambitioune fir d'Saison 2023/24 op en Neits ënnermaueren. An zwou Woche krit den Champion et dann um éischte Spilldag vum Championnat mat Wolz ze dinn. Nidderkuer spillt dann auswäerts géint den FC Bettenduerf.