De Lëtzebuerger American-Football-Veräin Diddeleng Steelers feiert dëst Joer hiren 30. Anniversaire.

Um Steelbowl zu Diddeleng am Stade John F. Kennedy soll dëse spezielle Gebuertsdag dann och gefeiert ginn. Invitéiert fir dëse klengen Tournoi goufen d'Verviers/Pepinster Mustangs aus der Belsch an d'Groningen Giants aus Holland.

Invitéiert op de Steelbowl sinn ënnert anerem de Premierminister Xavier Bettel, de Sportminister Georges Engel an de Buergermeeschter vun Diddeleng, Dan Biancalana.

Wat kritt een um Steelbowl gebueden?

Dëst Joer kritt een um Steelbowl dann och extra vill gebueden. Deemno ass de Steelbowl dëst Joer net nëmmen een Dag, mä zwee Deeg. Samschdes steet méi de Spaass am Vierdergrond, wou d'Leit a flotten Atelieren de Sport kënne kenneléieren a sonndes gëtt et da méi kompetitiv, wéi eis den Team Manager Mike Wagner am Interview erkläert huet.

Wat gëtt um Steelbowl gebueden?
RTL

D'Diddeleng Steelers am Portrait

De Veräin gouf 1993 gegrënnt. Zanterhier huet de Veräin sech gutt entwéckelt an et konnt een 2018/2019 Champion an der Ligue Grand-Est a Frankräich ginn an dëst Joer sinn d'Steelers Champion an der Verbandsliga Mitte an Däitschland ginn.

Den Diddelenger Veräin spillt an auslännesche Championnater mat, well et zu Lëtzebuerg bis elo nach kee weidere Veräin gëtt, dee kompetitiv American Football spillt.

Bei de Steelers spillen aktuell 69 Leit American Football, 44 Leit spillen de klasseschen American Football a 25 Leit spille Flag Football.

De Rekrutement fir d'Diddeleng Steelers ass immens schwéier. Si maachen op de soziale Reseauen ëmmer nees Opriff, fir nei Spiller ze sichen. Aktuell huet een och keng Jugendekippe méi, wéi de Mike Wagner erzielt.

De Rekrutement ass schwiereg

Et wier awer eent vun de groussen Ziler, fir nees Jugendekippen opzebauen. Dëst wier awer immens schwiereg, well et natierlech finanziell a personell Contraintë géif ginn. Als Chance gesäit de Mike Wagner, datt de Flag Football 2028 olympesch soll ginn. Doduerch kéint ee villäicht méi Leit fir de Sport begeeschteren an och Kanner vun 10 Joer un trainéieren. Donieft ass den Team Manager vun de Steelers der Meenung, datt een de Flag Football och nach méi an de Schoulsport mat abanne kéint, dëst kéint immens hëllefen, de Sport zu Lëtzebuerg weider no vir ze bréngen.

Wonsch vun enger Jugendekipp

Sportlech gesinn, wëll een och an Zukunft weider an Däitschland spillen. Donieft hofft een duerch déi ëmmer méi grouss Popularitéit vum Sport méi Leit ze fannen, déi de Veräin ënnerstëtzen, an natierlech wëll ee méi Leit fir de Sport gewannen.

D'Ziler fir d'Zukunft