D'Lëtzebuerger Klammfederatioun këmmert sech ëm den Erhalt vun der Wanterbaach
Zu Bäerdref am Mëllerdall befënnt sech deen eenzege Klammsite an der Natur aus der Groussregioun. Dëse soll propper gehale ginn.
Mat ronn 180 verschiddene Klamm-Strecken an de Fielsen zitt d'Wanterbaach all Joer eng sëllegen, begeeschtert Kloterer un, ma déi hannerloossen hir Spueren. Am Kader vum weltwäite Cleanup Day huet d'Lëtzebuerger Klammfederatioun all Fräiwëllegen invitéiert, fir si bei hiren alljärlecher Botzaktioun ze ënnerstëtzen.
Ufanks war d'Zil, de Knascht vum Buedem opzerafen, deen d'Kloterer an d'Wanderer ze hannerloossen. Allerdéngs ass de Bësch mëttlerweil esou propper, dass si net méi vill fannen, an d'Iddi vum Cleanup Day dowéinst liicht ëmgewandelt hunn.
Mëttlerweil leeschte si virun Allem Sensibiliséierungsaarbecht. Beim Klamme kënnt nämlech Magnesium an den Asaz, dass d'Kloterer eng besser Haftung um Fiels hunn. Wann däers allerdéngs ze vill op enger Plaz ass, gëtt et rutscheg. Dowéinst ginn d'Kloterer op dësem Dag drun erënnert, hir Strecke beim erofklamme mat enger klenger Biischtchen ze botzen.
Fir de Rescht këmmere si sech awer och ëm aner Entretiensaarbechten, déi mat der Natur- a Bëschverwaltung ofgeschwat sinn. Dozou gehéiert zum Beispill d'Opriichte vu Gelänner a Schëlder, fir d'Weeër méi sécher ze maachen.
Organiséiert gëtt d'Aktioun vun der Commission falaise an der Lëtzebuerger Klammfederatioun FLERA.