Vum 26. Juli bis den 11. August 2024 sinn zu Paräis d'Olympesch Spiller. Do hofft Lëtzebuerg, mat enger méiglechst grousser Delegatioun dobäi ze sinn.

Bei de leschten Olympesche Spiller zu Tokio war Lëtzebuerg mat 12 Sportler an 8 verschiddene Sportaarte vertrueden. Beim COSL (Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois) hofft een, fir d'nächst Joer eng änlech grouss Delegatioun kënnen dobäi ze hunn. "10 oder 12 Sportler ass eng Zuel, déi mer kënne viséieren", esou den Directeur technique vum COSL Raymond Conzemius. Eng Delegatioun mat méi Sportler wier natierlech schéin, ma et wier extreem schwéier, sech ze qualifizéieren.

Aktuell huet nëmmen d'Patrizia Van der Weken hiren Ticket fir Paräis geséchert. Bei engem Liichtathletik-Meeting zu Chaux-de-Fonds an der Schwäiz huet sech d'Patrizia Van der Weken iwwer 100 Meter fir d'Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert. An 11 Sekonnen a 5 Honnertstel ass d'Lëtzebuergerin 2 Honnertstel ënnert der Qualifikatiounsnorm bliwwen.

Wie kéint sech nach qualifizéieren?

De COSL huet den Ament eng 30 Sportler a Sportlerinne méi genee am A, déi d'Méiglechkeet hunn, sech fir d'Olympesch Spiller dat nächst Joer ze qualifizéieren, esou den Directeur technique Raymond Conzemius.

Wéi ee sech fir d'Olympesch Spiller qualifizéiere kann, ass fir all Disziplin ënnerschiddlech an deels ganz komplizéiert, wéi de Raymond Conzemius am Interview erkläert.

De Raymond Conzemius iwwer d'Qualifikatioun an d'Normen

Wien huet déi bescht Chancen?

Nieft dem Patrizia van der Weken ginn et awer schonns eng Rei Participatiounen, déi esou gutt wéi sécher sinn. Esou kéinte sech wuel d'Ni Xia Lian am Dëschtennis an d'Jeanne Lehair am Triathlon iwwer d'Weltranglëscht qualifizéieren, iwwerdeems een am Dressurreiden (1 Plaz) an am Cyclissem (ee Mann an eng Fra) iwwer d'Natioun eng Qualifikatioun bal sécher huet. An dësen zwee Fäll wäerten déi entspriechend Federatiounen dem COSL d'nächst Joer eng Propos maachen, fir ze kucken, wien een dann op Paräis schéckt. Am Reide gesäit dat ganz nom Nicolas Wagner aus, deen och schonn zu Tokio dobäi war. Am Cyclissem wëll ee sech do awer nach op keen Numm festleeën, dat läit nämlech vill mam Parcours zesummen.

De Raymond Conzemius iwwer méi sécher Participatiounen

Liichtathletik

An der Liichtathletik, wou jo schonn d'Patrizia Van der Weken sécher dobäi ass, kéint et iwwerdeems eng historesch Participatioun ginn, wann ee mat véier Athleten dobäi ass. Dem Raymond Conzemius no hunn nämlech och nach de Charel Grethen, de Bob Bertemes an d'Vera Hoffmann ganz gutt Chancen, fir sech fir Paräis ze qualifizéieren.

Eng méiglech historesch Participatioun an der Liichtathletik
RTL

© AFP

Schwammen

Eng Sportaart, wou d'Angscht besteet, datt een no Atlanta 1996 eng éischte Kéier keng Sportler a Sportlerinnen dobäi huet, ass d'Schwammen. Den Directeur technique vum COSL preziséiert hei, datt et e Generatiounswiessel am Schwamme gouf, preziséiert awer och, datt mam Rémi Fabiani a Ralph Daleiden-Ciuferri zwee Schwëmmer dobäi sinn, déi grouss Progrèse gemaach hunn.

De Raymond Conzemius iwwer d'Schwammen
RTL

© pressphoto (Archiv)

Dëschtennis

Am Dëschtennis ass et iwwerdeems esou, datt eng weider Participatioun vum Ni Xia Lian esou gutt wéi sécher ass. Donieft hofft een, datt d'Sarah De Nutte, déi zu Tokio eng éischte Kéier bei Olympia dobäi war, sech an der Weltranglëscht nach eemol verbessere kann. Am Dubbel Mixte huet sech d'Koppel Ni Xia Lian/Luka Mladenovic extreem verbessert, esou datt een do och op eng Qualifikatioun hofft, iwwerdeems d'Dammenekipp (Ni Xia Lian, Sarah De Nutte an Tessy Gonderinger) bei der Ekippe-WM e gutt Resultat realiséiere muss, fir kënnen op Paräis ze fléien.

De Raymond Conzemius iwwer den Dëschtennis
RTL

© Manfred Schillings/FLTT

Triathlon

Am Triathlon war zu Tokio mam Stefan Zachäus nëmmen ee Lëtzebuerger dobäi. Do huet een elo awer eng aner Situatioun, wéi de Raymond Conzemius am Interview ënnerstrach huet. Deemno hätt ee bei den Dammen d'Jeanne Lehair a villäicht d'Eva Daniëls, iwwerdeems bei den Hären de Gregor Payet déi beschte Chancen.

De Raymond Conzemius iwwer den Triathlon
RTL

Véier nei Sportaarten

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis sinn dann och véier nei Sportaarten dobäi: Breaking, Klammen, Skaten a Surfen. De Raymond Conzemius ass der Meenung, datt een an dëse Sportaarten nach net wäit genuch ass, ausser villäicht am Klammen, wou den Nathan Martin sech esou lues international en Numm mécht.

De Raymond Conzemius iwwer déi 4 nei Sportaarten
RTL

Wéi eng Sportaarten an Disziplinne sinn net dobäi?

Am Dammen-Dubbel gehéieren d'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte nach ëmmer zu deene Beschte vun der Welt. Allerdéngs gëtt zu Paräis 2024 keen Dammen-Dubbel gespillt. Iwwer dëse Wee kënne si sech also keng Participatioun sécheren. Et ginn awer och nach weider Sportler, déi zu Paräis sécher net wäerten dobäi sinn, well hir Sportaart einfach net um Programm ass. Dat ass engersäits d'Jenny Warling am Karate oder och nach de Gilley Seywert an d'Mariya Shkolna am Bouschéissen (Compound).

Sportaarten an Disziplinnen, déi net um Programm sinn

De COSL zu Paräis

Fir de Raymond Conzemius wäert et déi éischte Kéier ginn, datt hien als Chef de mission mat op d'Olympesch Spiller geet. Zu Tokio war hien als Adjoint vum Heinz Thews dobäi. Et ass eng Aufgab, op déi hie sech immens freet, et wier awer och eng grouss Responsabilitéit. Mä et wier nawell eng Éier, esou den Directeur technique vum COSL.

Raymond Conzemius déi éischte Kéier Chef de mission

Kooperatioun mam DOSB

De COSL huet nach ëmmer eng gutt an enk Kooperatioun mam DOSB (Deutscher Olympischer Sportbund). Et géif ee sech a ville Beräicher austauschen, fir Paräis géif een do virun allem medezinesche Beräich gutt zesummeschaffen, fir d'Sportler gutt op Paräis ze preparéieren. Ma och a Verbindung mam "Luxembourg House" zu Paräis schafft ee mam DOSB zesummen.

D'Kooperatioun mam DOSB

"Luxembourg House"

Fir Paräis huet de COSL profitéiert, fir mam DOSB ze verhandelen, fir e Luxembourg House eng éischte Kéier an där Form esou ze realiséieren. Dat ass mat der Hëllef vum Staat och gelongen, deen doranner och Opportunitéite gesinn huet. Deemno fir Austauschprogrammer ënnert anerem am touristeschen a kulturelle Beräich ze realiséieren. Allgemeng wéilt ee vun den Olympesche Spiller esou no virun der eegener Dier profitéieren, fir Lëtzebuerg esou gutt et geet ze promouvéieren.

De Raymond Conzemius iwwer d'Luxembourg House