FC St. Pauli wëll an Zukunft net méi mat Spillerberoder zesummeschaffen

© SID/AXEL HEIMKEN
Fir en Zeechen ze setzen, wëll den däitschen Zweetligist a sengem Jugendberäich an Zukunft keng Spillerberoder méi zouloossen.
Kontrakt-Gespréicher sollen deemno nëmmen nach mam Spiller oder sengem enksten Ëmfeld gefouert ginn. Domadder wëll den Hamburger Club en Zeeche géint d'Kapitaliséierung vum Futtball setzen, wéi et vum FC St. Pauli heescht.
Duerch d'Decisioun erhofft ee sech, datt aner Veräiner nozéie wäerten: "D'Theema gëtt a sämtleche Futtballgremie kritesch diskutéiert an och déi meescht Veräiner hunn de Problem erkannt (...) Mir wëllen elo den éischte Schratt maachen an hoffen, datt anerer eisem Beispill nogoe wäerten", sou de Chef vum Nowuessleeschtungszentrum vu St. Pauli Benjamin Liedtke.
Et wier ee sech bewosst, datt d'Decisioun den Agencen net gefale wäert, se géif sech awer net géint de Beruff vum Spillerberoder u sech riichten. Vill méi wéilt een am Jugendfuttball, "de Fokus op dat perséinlecht Ëmfeld vum Spiller leeën, net op Agencen an de Marché".