De Walfer Vollekslaf ass eng vun den eelste Stroossecourssen zu Lëtzebuerg. Den nächste Sonndeg, den 1. Oktober, ass schonn déi 47. Editioun.

Den Depart ass um 10 Auer. D'Haaptcourse geet iwwer 12 Kilometer. Mä och fir déi net esou duerchtrainéiert Leefer ass mat enger reduzéierter Streck vu 5,6 Kilometer eng Alternativ do.

D'Organisateure ronderëm d'Presidentin Marianne Dondelinger hunn erëm alles gemaach, fir datt et e flott Event gëtt.

Walfer Vollekslaf/Reportage Guy Seyler

Ëm déi 2.000 passionéiert Leefer gi sech Joer fir Joer Rendez-vous zu Walfer. Niewent enger Rei Spëtzesportler sinn awer och d'Hobbyleefer ënnerwee. Et ass, wéi den Numm et seet, e Vollekslaf, betount d'Marianne Dondelinger.

"Mir si ganz frou, datt mir ëmmer praktesch déi ganz Elite vum Lafsport hei op Walfer kréien. Et ass awer esou, datt mir och de Breedesport wëllen ënnerstëtzen. Mir sinn ee Vollekslaf an duerfir encouragéiere mir och all Leefer, heihinner ze kommen. Mir hunn e ganze Koup Animatiounen, Museken, DJen. Et ass och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Mir hunn e musikaleschen Encadrement um Depart an op der Arrivée. Et soll Spaass a Freed maachen, fir hei zu Walfer ze lafen."

D'Organisateure wëllen de Walfer Vollekslaf och dozou benotzen, déi Jonk fir de Sport a fir méi Beweegung ze begeeschteren.

"Mir hu Clibb an och Schoulklassen invitéiert, fir sech als Grupp am Mini-Laf anzeschreiwen. Mir hoffen doduerch u Kanner an u Jugendlecher ze kommen, déi vläicht net esou sportlech sinn, déi keng Beweegung hunn. Datt déi mat hirer Klass oder mat engem Grupp géifen hei matlafen an och mierken, wéi flott et ass, zesumme mat de Kolleegen a mat de Frënn Sport ze maachen. Doniewent hu mir natierlech de Challenge Marc Savic, dee mir an Zesummenaarbecht mat der LASEL organiséieren. Dat ass eng Course par sections sportives. Ech wëll just soen, datt d'lescht Joer 506 jonk Leit aus 12 verschiddene Lycéeën do matgelaf sinn. Chapeau fir d’LASEL, déi all Joer esouvill Jugendlecher kënne motivéieren, fir sonndes moies hei op Walfer lafen ze kommen."

Beim Mini-Laf, dat si Kanner bis 12 Joer, geet keen eidel heem. Jidderee kritt en T-Shirt an eng Medail. An och an deenen anere Kategorië ginn et interessant Präisser. Et gëtt och eng Garderie fir Kanner bis 8 Joer. Si hunn – alt erëm – un alles geduecht zu Walfer. 98 Benevolle garantéieren eng exemplaresch Organisatioun.

E "Walfy" gëtt et och. Dat ass dëst Joer de fréiere Basket-Nationalspiller Tom Schumacher. Umelle kënnt Dir Iech nach online bis spéitstens e Samschdeg 18 Auer. Den Dag selwer, e Sonndeg, ass dat net méi méiglech.