No 7 Spilldeeg an der 2. Bundesliga an Däitschland steet Schalke 04 op der 16. Plaz an der Tabell mat nëmme 7 Punkten.

De Veräin huet op déi enttäuschend Resultater elo reagéiert an den Trainer Thomas Reis entlooss. "Bis op Weideres" wäert dem Reis säin Assistent Matthias Kreutzer de fräie Posten op der Trainerbänk iwwerhuelen.