Trotz engem fréie Réckstand bleift Déifferdeng um Enn mat enger 3:1-Victoire géint d'Jeunesse weider op der 1. Plaz.

E Mëttwoch den Owend stoung am nationale Futtballchampionnat de kompletten 8. Spilldag um Programm.

Déifferdeng huet de Match géint d'Jeunesse gedréint a mat enger 3:1-Victoire d'Tabelleféierung verdeedegt. Trotz engem fréie Gol vun den Escher Gäscht an och weidere Startschwieregkeeten, konnt sech d'Lokalekipp mat der Zäit ëmmer méi an de Match era fannen. No enger gudder hallwer Stonn hu si sech am Numm vum Trani mat engem Gol belount a sinn no 45 Minutte mat engem Remis an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet sech de Match da rëm bëssen neutraliséiert, dat huet déi Déifferdenger awer net dovun ofgehalen an der 63. Minutt a Féierung ze goen. En zweete Gol vum Nagera huet da gutt zéng Minutte viru Schluss den Deckel drop gemaach an déi dräi wichteg Punkte geséchert.

Nidderkuer huet eng 2:0-Féierung verspillt a sech zu Wolz mat engem 2:2-Remis getrennt. De Progrès hat e gudden Depart erwëscht a louch duerch den Natami a Mixtur schonn no 26 Minutte mat 2:0 a Féierung. D'Wëlzer Ekipp huet sech schwéier gedoen a war an der éischter Hallschent wäit fort vun engem méigleche Gol. Dat huet sech am zweeten Duerchgang dann awer geännert. Wolz huet sech méi engagéiert gewisen an huet an der 66. Minutt op 1:2 verkierzt. D'Lokalekipp huet elo den Ausgläich gesicht an dësen dann och nach viru Schluss fonnt. Duerch de Malget ass et gelongen an der 86. Minutt auszegläichen an net vill huet duerno souguer fir déi dräi Punkte gefeelt. Um Enn ass et awer beim 2:2 fir béid Ekippe bliwwen.

Fir Monnerech gouf et dann eng kloer 0:6-Defaite géint Hesper. Vun Ufank war de Swift déi spillbestëmmend Ekipp, déi no enger hallwer Stonn verdéngt a Féierung gaangen ass. Vun der Monnerecher Lokalekipp war am Spill no vir sou gutt wéi näischt ze gesinn, dat well de Ball quasi nëmmen duerch d'Reie vun de Gäscht gelaf ass. Nom Säitewiessel huet sech Hesper dann elo nach méi effektiv gewisen a sou stoung et no de Goler vum Akhalaia, De Buyser an zwee Mol Stolz 5:0. Ronn zéng Minutte viru Schluss gouf et dann nach en Eelefmeter fir Monnerech, ma och d'Gléck sollt op dësem Mëttwoch net op hirer Säit sinn. De sechsten Hesper Gol duerch den Hemkemeier an der leschter Minutt huet dann de Schlusspunkt vun der Partie gesat.

An der Partie tëscht Stroossen an Diddeleng hu sech d'Ekippe mat engem 1:1-Remis d'Punkte gedeelt. D'Stroossener Lokalekipp war fréi a Féierung gaangen a konnt dës och bis an d'Paus bréngen. Mat enger engagéierter Leeschtung huet sech den F91 den Ausgläich geséchert, fir dräi Punkte sollt et an engem ausgeglachene Match um Enn awer net duergoen.

An de weidere Partië gouf et eng 2:0-Victoire fir de Racing géint Péiteng, en 1:0-Succès fir Rouspert géint d'Fola a Munneref huet sech mat 3:2 géint Miersch behaapt. Iwwerdeems ka sech Käerjeng mat engem knappen 1:0 dräi wichteg Punkte géint Schëffleng sécheren.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Stroossen - Diddeleng 1:1
1:0 Perez (14'), 1:1 Ouassiero (52')

Déifferdeng - Jeunesse 3:1
0:1 Luisi (4'), 1:1 Trani (36'), 2:1 Nagera (63'), 3:1 Nagera (78')

Munneref - Miersch 3:2
1:0 Kumbi (52'), 1:1 Moreira (61'), 1:2 Bresch (74'), 2:2 Gassama (90+2'), 3:2 Neves (90+7')

Käerjeng - Schëffleng 1:0
1:0 Thiel (11')

Monnerech - Hesper 0:6
0:1 Stolz (32'), 0:2 Akhalaia (59'), 0:3 Stolz (60'), 0:4 Stolz (68'), 0:5 De Buyser (70'), 0:6 Hemkemeier (90+2')

Racing - Péiteng 2:0
1:0 Gashi (2'), 2:0 Ikene (33')

Fola - Rouspert 0:1
0:1 Jimenez (47')

Wolz - Nidderkuer 2:2
0:1 Natami (9'), 0:2 Mixtur (26'), 1:2 Biver (66'), 2:2 Malget (86')

D'Tabell