Eagles a 49ers bleiwe weider ongeschloen

© AFP
Duerch eng Victoire konnte sech d'Bucs op déi éischte Plaz an der NFC South setzen an d'Dolphins verléieren hiren éischte Match fir dës Saison.
Tëscht de Bills an den Dolphins gouf et nees en Highscoring Game, deen awer dëst d'Kéier net un d'Ekipp aus Miami goung. "Just" 20 Punkte kruten d'Delfinen am Match bei de Buffalo Bills hin, hunn der awer missten 48 astiechen. Et war fir d'Ekipp aus Miami déi éischt Néierlag dëst Saison, fir d'Bills déi drëtte Victoire a véier Matcher.
An engem Divisional Game konnte sech d'Buccaneers zu New Orleans géint d'Saints mat 26:9 duerchsetzen. Alt nees war et d'Defense vun der Ekipp aus Tampa, déi hinnen d'Victoire erméiglecht huet.
60 Minutte sinn an der Partie tëscht de Washington Commanders an den Philadelphia Eagles net duergaangen, fir e Gewënner ze determinéieren. D'Eagles hate 93 Sekonne viru Schluss nach e Touchdown markéiert a villes huet no enger Victoire ausgesinn. Ma mat der leschter Pass am Match konnt den Howell den Dotson fannen, an esou mam Schlusspëff ausgläichen. An der Overtime konnten d'Commanders awer net vum éischte Ballbesëtz profitéieren, esou datt den Eagles e Fieldgoal fir de 34:31 duergaangen ass, fir déi véierte Victoire am véierte Match ze feieren.
D'49ers sinn déi aner eenzeg Ekipp, déi nach keng Partie verluer hunn. Schonn an der Paus ware si doheem géint d'Cardinals 21:10 vir, wat si zum Schluss nach bis op 35:16 ausbaue konnten.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Lions - Packers 34:20
Falcons - Jaguars 7:23
Dolphins - Bills 20:48
Vikings - Panthers 21:13
Broncos - Bears 31:28
Ravens - Browns 28:3
Steelers - Texans 6:30
Rams - Colts 26:23
Buccaneers - Saints 26:9
Commanders - Eagles 31:34
Bengals - Titans 3:27
Raiders - Chargers 17:24
Patriots - Cowboys 3:38
Cardinals - 49ers 16:35
Chiefs - Jets 23:20