Holland, Rumänien an d'Schwäiz léisen den Ticket fir d'EM 2024

© AFP
Frankräich konnt iwwerdeems eng historesch Victoire géint Gibraltar feieren.
Am Grupp B huet Holland sech mam knappen 1:0 géint Irland déi direkt Qualifikatioun geséchert. Déi scho qualifizéiert Fransousen hunn iwwerdeems géint Gibraltar mat 14:0 gewonnen, déi héchst Victoire an der Geschicht vun der "Équipe Tricolore" souwéi an der Geschicht vun der EM-Qualifikatioun. Gibraltar war vun der 18. Minutt un an Ënnerzuel.
Am Grupp D ass Armenien géint Wales net iwwert een 1:1 erauskomm an huet domat keng Chance méi op d'Qualifikatioun. No der kroatescher 2:0-Victoire géint Lettland decidéiert sech um leschte Spilldag, ob Wales oder Kroatien sech direkt qualifizéieren. D'Tierkei hat den Ticket fir den Tournoi 2024 iwwerdeems scho geléist.
Am Grupp I sinn iwwerdeems d'Decisiounen op dësem virleschte Spilldag gefall. Rumänien konnt sech géint Israel behaapten an ass domat direkt fir d'EM qualifizéiert. D'Schwäiz ass géint de Kosovo iwwerdeems net iwwert een 1:1 erauskomm, ma duerch d'Defaite vun Israel hu sech och d'Schwäizer den Ticket geséchert.